FFYS 2017De Lineup ass komplett!

Haut de Moien hunn d'Organisateure vum FFYS Festival op enger Pressekonferenz de komplette Lineup presentéiert!

De Weekend vum 4. bis de 6. August ginn iech um Food For Your Senses Festival insgesamt 80 Shows op 4 verschiddene Bühne gebueden. Haut de Moie gouf de komplette Lineup presentéiert mat 3 genialen Headliners:

  • AnnenMayKantereit
  • Goat
  • De Läb & Orchästra

Ënnert anerem trieden ausserdeem nach Tash Sultana, Alice Merton a WhoMadeWho op enger vun de 4 FFYS-Bühnen op!

Nieft dem ganze musikaleschen Deel vum Food For Your Senses Festival, kënnt dir iech och nach Konscht-Ausstellungen vun 20 Kënschtler ukucken, u sëllechen Workshops deelhuelen, um Maart Produite vu Kënschtler kafen oder iech am "Food Explorer Tent" kulinaresch verwinne loossen!

Tickete kritt dir hei fir 75€ (+VVK-Gebühren) am Virverkaf - Camping abegraff!


Links