Serie Gemengewalen 2017Besteet och bei de Gemengewalen "Walflicht"?

Zu Lëtzebuerger gëtt et jo d'Walflicht... Majo wisou ass dat esou a wat sinn d'Konsequenze wann een trotzdeem net wiele geet?

Leschten Update: 06.10.2017, 16:05:10

© Eldoradio

Zu Lëtzebuerg gëtt et jo de sougenannte Walflicht. Et huet een also net nëmmen hei am Land d’Recht als Lëtzebuerger wielen ze goen, mee et ass carrement och eng Flicht. Mee ass dat nëmmen esou bei de Parlamentswalen oder och bei de Gemengewalen? An wisou gëtt et iwwerhaapt sou eppes wéi e Walflicht? Eppes dat jo am Verglach zu den anere Länner éischter eng Ausnam ass. 

Direkt vir ewech: Jo, och bei de Gemengewale muss ee Sonndes an d’Walkabinn goen, genee sou wéi dat och bei de Parlamentswalen de Fall ass. Soubal een also als Lëtzebuerger 18 Joer huet ass ee gehalen sech fir d’Wale bei senger Gemeng ze presentéieren. Bei den Auslänner ass dat de Fall, soubal se sech op enger Wal-Lëscht ageschriwwen hunn. Dat ganzt mat der Walflicht ass an enger éischter Linn emol eng Traditioun hei zu Lëtzebuerg, esou d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.

Lauschtert hei de komplette Reportage!

D’Lëtzebuerger hunn sech mëttlerweil och einfach dorunner gewinnt, och wann et e Sujet ass, deen ëmmer erëm opkënnt an diskutéiert gëtt. De wierkleche Grond wisou mer eng Walflicht hunn, ass einfach déi ze kleng Unzuel u Wieler déi et zu Lëtzebuerg ginn. Anescht kéint een eventuell Problemer mat der Representativitéit bei de Wale kréien.

Majo wéi gesäit et dann elo bei de Strofen aus? Gëtt een effektiv bestrooft a wéi héich ass de Montant hei? Majo deemno wéi dacks een dat scho gemaach huet, muss een tëscht 100 an iwwer 1000 Euro bezuelen. 

Den Zentrum fir politesch Bildung ënnersträicht awer, dass ee wiele goe soll als eng Chance gesinn, eng Chance, déi sou munch Länner net sou hunn. Et net ze maachen, well ee jo souwisou net bestrooft gëtt, wier eng komplett falsch Approche.