Gemengewalen 2017D'LSAP verléiert massiv u Stëmmen, d'CSV profitéiert

D'CSV kann a praktesch all Gemeng u Stëmmen beigewannen. D'Stad behält d'Lydie Polfer un der Spëtz, zu Esch gëtt et en CSV-Buergermeeschter.

Leschten Update: 10.10.2017, 04:14:11

© JOHN THYS / AFP

Lëtzebuerg ass wiele gaangen. Vun 8.00 Auer u waren d'Walbüroe fir d'Gemengewalen op, 286'683 Walberechtegt ab 18 Joer konnten, respektiv hu misse bis 14.00 Auer de Sonndeg de Mëtteg hir Kräizer maachen. 

Hei ginn et d'Resultater an Echtzäit!


102 Gemengeréit ginn deemno gewielt, 3'575 Kandidaten hunn sech opgestallt, do sinn et 36% Fraen a 64% Männer.





Um 2 Auer goufen et dunn och schon direkt déi éischte Resultater. Dëst sinn natierlech 3 Majorzgemengen, nämlech d’Gemeng Wanseler, d’Gemeng Feelen, d’Gemeng Bech





Zu Waldbriedemes waren se dann am séierste mam Auszielen: Hei war et géint kuerz no 16.00 wou d'Resultater feststoungen.

Déi éischt Gemengen déi dann no 16.00 komplett ausgezielt waren, waren niewend Waldbriedemes, d‘Ernzdall, Pëtscht, Fëschbech a Simmer, déi ronn 2% vun all de Stëmmen représentéieren. 

LINK / Fannt hei all d'Hannergrondinformatiounen zu de Walen!





Gréisser Iwwerraschung dann zu Stadbriedemes: Aus dem Stand kënnt déi fréier Ministesch Octavie Modert op 539 Stëmmen an huet domatten de momentane Buergermeeschter vun der Plaz 1 verdriwwen, deen op nëmme 512 Stëmme kënnt.





Deen éischte Buergermeeschter gouf da scho virun 8 Auer zu Biwer bestëmmt. Hei ass et de Marc Lentz deen déi meeschte Stëmmen an der Majorzgemeng kritt huet.

Am groussen a ganzen huet d'CSV dës Gemengwalen awer kloer gewonnen, eppes dat souguer den LSAP-Dépitéierten Alex Bodry muss zouginn:





Ënnert anerem zu Esch, Suessem, Déifferdeng, Diddeleng, Käerjeng, Monnerech, Wooltz an a villen aneren Gemengen hunn d'Sozialisten deels massiv u Stëmmen verluer.

Zu Esch ass et emol net méi fir d'LSAP mam Vera Spautz als Buergermeeschtesch duergaangen, fir déi stäerkste Partei ze bleiwen.

Och hei konnt d'CSV Stëmmen déi ënnert anerem bei der LSAP verluere gaange sinn, asammelen. De CSV-Politiker Georges Mischo wäert hei neie Mann un der Spëtz ginn.





Eng weider Iwwerraschung ass déi héich Victoire vun deene Gréngen zu Déifferdeng. D'Partei vum Buergermeeschter Roberto Traversini kënnt op 36% vun de Stëmmen, wat e Plus vun iwwer 20% sinn.

D'DP-Déifferdeng, an där de Claude Meisch jo Buergermeeschter war, verléiert ganzer 22% a fält op 12%, also vun der stäerkster Partei zu Déifferdeng, op déi 4. Plaz, hannert der CSV an der LSAP.

An der Stad ass et weiderhinn d'DP, déi stäerkste Partei bleift, och wann een hei 1 Sëtz am Gemengerot verléiert an d'CSV der souguer 2 dobäi wënnt. D'Lydie Polfer bleift weiderhin Stader Buergermeschtesch, dat mat ganzer 12.653 Stëmmen, also e Plus vun 563 Stëmmen am Verglach zu 2011.

Links