Gemengewalen 2017Déi éischte Kéier wiele goen...

Iwwer 280.000 Mënschen hunn sech fir d' lëtzebuerger Gemengewahlen agedroen. Mir hunn eng jonk Fra begleet, bei hiren éischten Gemengewahlen.

Leschten Update: 10.10.2017, 04:14:10

© Yuri KADOBNOV / AFP

Fir vill Leit schéngen d’ Gemengewahlen net wierklech sou ee perséinlechen Impakt ze hunn wéi d’ Chamberwahlen. Dobäi sinn d’ Gemengewahlen, ebe grad, méi no bei de Leit. Dat fënnt och Joy Mentgen, eng Studentin vun 21 Joer.

Dass een als jonke Wieler e bësse géint Tendenz schafft sech einfach der Meenung vun der Mamm oder dem Papp unzeschléissen ass fir d’ Studentin och kloer. E wuel informéierte Vote ze maache, gehéiert an dem Sënn souzesoen dozou seng „Hausaufgaben“ ze maachen. Deemno wéi wou ee wunnt, ass et net onbedéngt einfach fir sech e kloren Iwwerbléck ze maachen.

Ob een sech dann, ofhängeg vun der Gemeng, decidéiert d’Kräiz bei eng Lëscht oder bei di eenzel Kandidaten ze setzen, ass zum Schluss  jidderengem selwer Iwwerfloss. Vir vill Jonker fänkt de Problem awer schon do un en Iwwerbléck iwwert di politesch Strukture vun der Gemeng a vum Land ze kréien.

Dovu soll een sech net ofschrecke loossen. Vill Konzepter ginn zum Beispill bei der CGjL oder beim Zentrum fir politesch Bildung erkläert. 

Lauschtert hei de ganze Reportage:

Links