Wielen a MajorzgemengenVill Preparatiounen an der Gemeng Käerch

Eldoradio war kuerz iert d'Walbüroen opgaange sinn op d'Gemeng op Käerch, eng typesch Majorzgemeng. Wéi leeft esou en Dag hei oof?

Leschten Update: 09.10.2017, 17:30:01

© Wikipedia

Eldoradio hat d'Chance mam Monique Cloos vun der Käercher Gemeng ze schwätzen. Si schafft am "Service Population an Etat Civil  an et ass fir déi 1.Kéier, dass d’Monique Cloos Gemengewalen sou richteg mat organiséiert op hirer Gemeng… Dat ganzt ass iwwregens richteg vill Aarbecht, méi wéi dat fir d'Parlamentswalen de Fall ass.

D'Monique Cloos iwwert d'Preparatiounen zu Käerch


Dofir ass et zu Käerch Punkto auszielen awer méi séier gedoen, wéi a gréissere Proporzgemengen.  Eng ronn 2500 Leit wunnen an der Gemeng Käerch, sou dass d’Zuel vun de Wieler nach méi kleng wäert sinn, rechent ee Leit ënner 18 Joer, Auslänner déi net an der Wallëscht ageschriwwe sinn a Leit iwwer 75 Joer, déi also net méi misste wiele goen, ewech.

Géint hallwer 11 schätzt een an der Stad mat ziele fäerdeg ze sinn. Sou laang wäert et zu Käerch sécherlech net  daueren.

Wéini kéint Käerch ausgezielt sinn?


Wéi d'Gemeng Käerch awer präziséiert, sollt een sech elo ze vill dorop festneelen, d'Ausziele ka gutt a gär och bis 5 Auer oder nach méi spéit daueren, dat hänkt nämlech vu ville verschiddene Facteuren of !
Links