Gemengewalen 2017Den Iwwerbléck an eng Rei Fakten

Lëtzebuerg huet e Sonnden nei Vetrieder fir 105 Gemenge gewielt. Hei eng Rei Fakten déi et ronderëm d'Walen 2017 gëtt.

Leschten Update: 09.10.2017, 17:30:04

© JOHN THYS / AFP

An alle Gemenge gouf um Sonndeg gewielt. Ausname ware Feelen, Wanseler an Bech. Hei haten sech grad emol sou vill Kandidate gemellt wéi et Plaze gouf.

Am Ärenzdall war de Fall jo e bësse méi komplizéiert. Hei sinn d'Bierger aus den 2012-fusionéierte Gemengen Iermsdref a Miedernach wiele gaangen. Zu Iermsdref haten sech 5 Kandidate fir 5 Plaze gemellt. Zu Miedernach waren et 7 Kandidate fir 6 Plaze. Obwuel zu Iermsdref näischt mei konnt geännert ginn, haten d'Iermsdrefer awer nach d'Méiglechkeet d'Gemengevertrieder vu Miedernach ze wielen.

Vun den 105 Gemenge waren et 59 Majorz- a 46 Proporzgemengen. Intressante Fakt. D’CSV war als eenzeg Partei an alle Proporzgemenge vertrueden.

Den Datum wéini gewielt gëtt ass iwwregens keen Zoufall. D’Gemengewale sinn all 6 Joer den 2 Sonnden am Oktober. Ëmmer tëscht 08h00 a 14h00.

Wieler

286.683 eligibel Bierger goufen opgeruff a 664 Kabinnen hir Stëmmen ofzeginn. Dovun 251.688 Lëtzebuerger a 34.726 net-Lëtzebuerger. 5.616 Wieler méi wéi 2011.

20.753 Wahlberechtegt hate via Bréif gewielt.

Bei de Kandidaten (3.575 am Ganzen) waren et 3307 Lëtzebuerger an 268 Matbierger aus dem Ausland. 1.274 Fraen an 2.301 Männer.

Ännerungen

19 nei Buergermeeschter wäerte mol sécher gewielt ginn, dat well déi fréier Mandatairen dëst Joer net kandidéiert haten.

Dorënner och deen déngscht-eelste Buergermeeschter; den Armand Mayer. 42 Joer laang hat hie fir fir d’éischt zu Wëlwerwolz an dono, no der Fusioun, zu Kiischpelt gedéngt.

Bleiwe mer bei de Fusiounen. 3 Fusioune gouf et fir dës Walen. Habscht a Simmer gi “Habscht”. Tënten a Béiwen-un-der-Atert fusionéieren zu der Gemeng “Helperknapp” a Rouspert a Mompech gi “Rouspert-Mompech”.

Zu Péiteng ass eng nei Partei fir d’Gemengewalen opgestallt, den Ex-ADR-Member Joe Thein wëll et hei mat "déi Konservativ" wëssen.

Zu Koplescht gëtt net nëmmen eng nei Gemeng mee och en Referendum ofgehalen. D’Bierger mussen hei decidéieren ob d’Gemeng dem Wahlbezierk am Zentrum oder am Süden zougedeelt soll ginn.

Déi éischt Gemengen déi alles ausgezielt hat war Waldbriedemes. dat och scho wéi fir d'Walen 2011.

Hei eng Tabelle iwwert d'Verhältniss Lëtzebuerger/Auslänner a Frae/Männer bei de Gemengewalen!


Links