Gemengewalen 2017Reaktiounen aus den 3 gréisste Gemengen

D'CSV konnt sech quasi landeswäit iwwer d'Gewënn vun de Stëmme freeën, fir d'Sozialisten gouf et déi eng oder aner batter Nidderlag.

Leschten Update: 10.10.2017, 04:14:31

© ELDO

Géint 0.30 Auer an der Nuecht op e Méindeg war mat Péiteng no enger Pann och déi leschte Gemeng ausgezielt an domat war eent kloer: d'CSV konnt landeswäit relativ gutt ofschneiden, d'Sozialisten dogéint sinn déi grouss Verléierer um Walsonndeg gewiescht.



Ënnert anerem zu Esch, Suessem, Déifferdeng, Diddeleng, ma och zu Käerjeng, Monnerech, Wolz an a villen anere Gemengen hunn d'Sozialisten deels massiv u Stëmme verluer. Zu Esch war et e ganz battere Verloscht fir d'LSAP, déi mat der Buergermeeschtesch Vera Spautz net méi stäerkste Partei ass. 3 Sëtz hunn d'Sozialisten do verluer, e Resultat, dat een sech esou net erwaart hat, esou d'Vera Spautz am RTL Interview. Ee Grond fir d'Resultat wier sécherlech eng konservativ Tendenz am Land, esou d'LSAP-Politikerin.

D'Vera Spautz:

Fir d'CSV ass de Walsonndeg dogéint relativ gutt gelaf. D'CSV kënnt z.B. zu Esch op ronn 30,9% a gëtt domat mat 6 Sëtz, d.h. mat engem Plus vun 2 Sëtz, déi stäerkst Partei an der Minettmetropol! 3 Punkten hannendru kënnt d'LSAP och op 6 Sëtz, wat e Minus vun 3 Sëtz ass. Den CSV-Politiker Georges Mischo wäert hei neie Mann un der Spëtz ginn an deen huet senger Partei dunn och am RTL-Interview felicitéiert.

De Georges Mischo:

Eng Iwwerraschung gouf et dunn zu Déifferdeng, wou déi Gréng eng héich Victoire hunn dierfte feieren.

Ganzer 36% vun de Stëmmen, also e plus vun iwwer 20% gouf et fir d'Partei vum Buergermeeschter Roberto Traversini. D'DP dogéint huet ganzer 22% par Rapport zum leschte Votte 2011 verluer a kënnt mat 12% op déi 4. Plaz, nach hannert d'CSV an d'LSAP.

An der Stad bleiwen déi Gréng bei 5 Sëtz, d'DP vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer verléiert 1 Sëtz a kënnt domat op 9 Sëtz, bleift domat awer déi stäerkste Partei. Dat huet d'Buergermeeschtesch gefreet, déi huet iwwerdeems och scho Gespréicher mat der CSV ugekënnegt.

D'Lydie Polfer:




Och den CSV-Spëtzekandidat Serge Wilmes sot am RTL-Interview et géif elo kee Wee méi un der CSV laanscht féieren. 2 Sëtz huet d'CSV konnten dobäi gewannen an domat kënnt dem Serge Wilmes seng Partei op ganzer 7 Sëtz.

De Serge Wilmes:

An der Stad krut d'ADR dann nach 1 Sëtz, d'LSAP der 3 an déi Lénk der 2.