Eldo lancéiert haut de Safety Jingle

Am Kader vum EDWARD DAY, dem europäeschen Dag ouni Verkéiersdoudegen, presentéiere mir haut zesumme mat der Securité Routière de Safety Jingle.

De ganzen Dag geet et haut hei op Eldoradio ëm eisen "Safety-Jingle", dee mir de ganzen Dag iwwer verstäerkt spillen an och dono natierlech ëmmer erëm asetzen, fir eben drop opmierksam ze maachen, dass een d’Patte vum Smartphone während dem Fuere loosse soll.

De Safety Jingle ass en Tool, deen Eldoradio vun haut un a sengem normale Programm benotzt, dat, virun allem emol am Kader vum EDWARD Day, also dem europäeschen Dag vun de Verkéiersdoudegen.

Den Handy an de Grapp huelen ass jo net nëmme strofbar, mee och Liewensgeféierlech, wisou dat ganzt soll thematiséiert ginn. 

Dat ganzt ass eng Idee, déi initial vun eisen Noperen an der Belsch lancéiert gouf an elo vun Eldoradio zu Lëtzebuerg iwwerholl gëtt.

Et soll och dozou féieren, dass eventuell aner Radiosendere hei am Land den Jingle eventuell iwwerhuelen.

Dat ganzt huet Eldoradio iwwregens net eleng, mee zesumme mat de Partner aus dem Nohaltegkeetsministère, der Sécurité Routière an natierlech der Lëtzebuerger Police op d’Been gestallt.

Lauschtert hei eise Safety Jingle