En Dag ouni Doudegen op den europäesche Stroossen

Et ass e symboleschen Dag op deem all Chauffer säi Verhalen am Trafic nach emol iwwerdenke soll.

© Tispol

En Dag ouni Doudeger op den europäesche Stroossen – dëst ambitiéist Zil huet d'Tispol, eng Vereenegung vun de Verkéierspolicen aus ganz Europa sech den Donneschdeg mam Edward-Day virgeholl. Ambitiéis dowéinst, well d'Zuel vun den Doudesaffer op den europäesche Stroossen net wéi geplangt wieder erofgeet mee ze stagnéiere schéngt.

Der Tispol hiert Zil ass et wéi gesot een Dag an Europa ze packen, ouni dass een op der Strooss ëm d'Liewe kënnt. Dass dat fir de Moment nach en ze héicht Zil ass gëtt och den André Schaack vun der Police zou. Fir Lëtzebuerg eenzel gekuckt hat et awer d'Lescht Joer geklappt.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

De Idealfall wier awer, dass et guer kee Verkéiersdoudege méi gëtt, esou den André Schaack nach.

Den Edward Day ass dohier de Moment en éischter eng symbolesch Aktioun, déi soll fir dat richtegt Verhalen op der Strooss sensibiliséieren an dozou soll féieren dëst ze iwwerdenken.

Wéi Tispol iwwerdeems nach op hirem Internetsite matdeelt ass nämlech d'Verhale vun den Automobilisten nach virun allen anere Grënn déi gréisste Barrière fir d'Zil 2020 ze erreechen a bis dann d'Zuel vun de Verkéiersdoudegen ëm d'Halschent ze reduzéieren.