Schaffen op der SchueberfouerD'Eldo Fouerstudenten

Eldoradio sicht och dëst Joer rëm Studenten, déi um gréisste Volleksfest vu Lëtzebuerg schaffen.

Leschten Update: 27.08.2018, 13:56:22

© Eldoradio

Et gëtt ëmmer gesot, datt op der Fouer schaffen de bescht bezueltesten, awer ustrengendsten Studentenjob hei zu Lëtzebuerg wier.

D'lescht Joer hate mer eng Partie Studente begleet, déi um gréisste Volleksfest zu Lëtzebuerg geschafft hunn.

Déi eng halen no den éischten Deeg schonn op anerer zéien et komplett duerch.

Dëst Joer huet den Eldo erëm Studenten déi eis erzielen, wéi et ass op der Fouer ze schaffen.

Mir hu se op hirem éischte Schaffdag begleet, mellen eis no der éischter Woch fir en Tëschebilan ze zéien a kucken, ob a wéi si déi knapp dräi Wochen iwwerstanen hunn.