Fouer-StudentenDen Tim

Den Tim huet 23 Joer a schafft op der Fouer als Serveur. Et ass dat zweet Joer, datt hien dobäi ass.

Leschten Update: 31.08.2018, 07:12:03

Numm:
Tim

Job:
Serveur

Alter:
23

Dat wéi villt Joer op der Fouer?
Et ass mäin zweet Joer.

Wat mëss de soss nach am Liewen?
Ech ginn op d'Uni. Meng Hobbye si Kloteren a mat Kollegen op den Tour goen.

Firwat schaffs de op der Fouer?
Well et mer Spaass mécht mat enger cooler Equipe ze schaffen an d'Leit genuch Drénkgeld ginn.

Op wat frees de dech am meeschten?
Dorop d'Leit mat deenen ech d'lescht Joer zesumme geschafft hunn erëm ze gesinn an natierlech op d'Geld, dat een hei verdéngt.

Viru wat hues de am meeschten Angscht?
Virum Wieder, well bei Reen manner Leit kommen a mir da net méi sou vill Drénkgeld kréien.

Wéi laang schléifs de momentan?
Virun der Fouer hunn ech tëscht 8 an 10 Stonnen d'Nuecht geschlof. Wärend der Fouer denken ech, dass et tëscht 5 a 7 Stonne wäerte sinn.

Wéi vill Drénkgeld erhoffs de der?
Tëscht 80 an 200 Euro pro Dag.

Wat war de schlëmmste Client?
Lescht Joer hat ech een oder zwee Clienten, déi probéiert hunn, beim Bezuelen ze linken.

Gouf et eppes wat s de gemaach hues, wou s de am Virfeld gesot hues "nee net mat mir"?
Nee eigentlech net.

Wéi vill Nummere wäerts de kréien?
Ech géing soen zwou den Dag. Weekends vläicht souguer méi. Mee wéivill een der zréck urifft ass eng aner Saach...

Wat misst geschéien, datt s de ophäls?
Do misst ganz vill geschéien. Wann ech mer géing eppes briechen oder wann eng Naturkatastroph géif geschéien.

Den Tim am Service