Fouer-Studenten: FAZITDen Tim krut alt just 3 Stonne Schlof

Den Tim huet 23 Joer an huet dëst Joer als Serveur op der Fouer geschafft. Et ass dat zweet Joer, datt hien mat dobäi ass.

Leschten Update: 12.09.2018, 10:05:37

Lénks um éischten Dag a riets um leschten© Eldo

Dëst Joer huet den Eldo erëm Studente begleed, déi eis erzielen, wéi et ass op der Fouer ze schaffen. Mir hu se op hirem éischten an op hirem leschten Schaffdag begleed.

Wéi ass et hinnen an där ganzer Zäit ergaangen?

Hei nach eng Kéier den Interview vum 1. Dag:
 
Den Tim um éischten Dag


A wat seet hien no deenen 20 Deeg um Stéck schaffen?

Numm:
Tim.

Job:
Serveur.

Alter:
23.

Dat wéi villt Joer op der Fouer?
Et ass mäin zweet Joer.

Wat mëss de soss nach am Liewen?
Ech ginn op d'Uni. Meng Hobbie si Kloteren a mat Kollegen op den Tour goen.

Firwat schaffs de op der Fouer?
Well et mer Spaass mécht mat enger cooler Equipe ze schaffen an d'Leit genuch Drénkgeld ginn.

Wat war dat Beschten?
Menger Meenung no, war dat einfach eist Personal! Mir waren all top motivéiert a cool.

Wat war dat schlëmmsten Erliefnes?
Ech mengen dat waren verschidden onangenehm Clienten, deelweis wéinst dem Alkohol, mee datt ass jo normal. An deementspriechent sinn der puer derbäi, dei heiansdo méi onangenehm ginn.

Wei vill Stonne Schlof krus du den Dag?
Gëschter nëmmen 3 Stonnen, mee sos awer 5-7 Stonnen.

Wei vill Drénkgeld krus du?
Ech hu mech mat mengen 80-200 Euro bëssen ze wäit aus der Fënster geluecht, mee komm mir soen einfach all Drénkgeld ass wëllkomm! Egal op 20 Cent oder 1 Euro, mir freeën eis iwwert alles. 

Wat war däi schlëmmste Client?
Ech weess et net esou genau, mee mengen déi nervegste sinn ëmmer déi, déi mat hire Poussettë kommen an déi engem an de Wee stellen. Et ass och schonn ee vum Personal an d'Poussette gefall dowéinst.

Wei vill Nummeren a Facebook Ufroe krus du?
Et waren der scho puer, mee den Total weess ech elo net...

Kënns du d'nächst Joer erëm?
Jo ech kommen erëm, mee op eng aner Plaz.

Däin Fouer-Fazit an engem Saz.
Mega gutt Wieder!

Den Tim um leschten Dag