Fouer-Studenten: FAZITDe Yannick, huet hie seng Ex-Frëndin begéint?

De Yannick huet 20 Joer a schafft op der Fouer hannert dem Grill. Et ass dat zweet Joer, datt hien dobäi ass.

Leschten Update: 12.09.2018, 10:08:10

Lénks um éischten Dag a riets um leschten© Eldo

Dëst Joer huet den Eldo erëm Studenten begleed, déi eis erzielen, wéi et ass op der Fouer ze schaffen. Mir hu se op hirem éischten a leschte Schaffdag begleed.

Wéi ass et hinnen an där ganzer Zäit ergaangen?

Hei nach eng Kéier den Interview vum éischten Dag:

De Yannick um éischten Dag


A wat seet hien no deenen 20 Deeg um Stéck schaffen?

Numm:
Yannick.

Job:
Grillen.

Alter:
20 Joer.

Dat wéi villt Joer op der Fouer?
Dat zweet Joer.

Wat mëss de soss am Liewen?
Ech sinn nach am Lycée.

Firwat schaffs de op der Fouer?
D'Lescht Joer wollt ech just eng Kéier déi Erfahrung maachen an dëst Joer, well d'Equipe an d'Ambiance mega gutt war.

Wat war dat Beschten Erliefnes?
Virun zwee Deeg ass e klengt Meedche bei mech komm a wollt zwee Thüringer bestellen. Dunn ass d'Mam och nokomm an huet erkläert, datt d'Thüringer fir zwee Clocharde geduecht waren. An dat war fir mech einfach esou en schéint Erliefnes!

Wat war dat schlëmmsten Erliefnes?
U sech hat ech keen.

Wei vill weis du elo?
Nach ëmmer 88kg.

Wei vill Stonne Schlof krus du den Dag?
Am Duerchschnëtt 5 Stonnen, an datt ass nach ok!

Wei vill Drénkgeld krus du?
Ech ginn dat eréischt ganz zum Schluss gewuer. Et ass puer Deeg gutt gelaf, an anerer manner gutt, villäicht kommen ech awer schlussendlech op em déi 10 Euro den Dag.

Wat war däi schlëmmste Client?
Vun deene ginn et der puer: Ech hu fonnt, datt déi franséisch Clienten méi ustrengend waren, well si ëmmer Stéck fir Stéck Bestellungen opginn, an dat oft wierklech nerveg ass! An wann se dann eng Curry-Wurscht bestellen, an ech hinnen dann eng ginn, soen se et wier net dat wat se wollten, well si hätten gären eng ganz Wurscht am Brout...

Wei vill Nummeren a Facebook Ufroe krus du?
Facebook Ufroe krut ech 1 duerch den Eldo-Post, an Nummeren awer keng, mee ech gouf awer oft schéin ugelaacht!

Kënns du d'nächst Joer erëm?
Natierlech!

Däin Fouer-Fazit an engem Saz.
Besser ewéi d'lescht Joer.

An d'Fro vun de Froen: Ass deng Ex laanscht komm? 
Nee, Gottseidank net!

De Yannick um leschten Dag