Fouer-Studenten: FAZITD'Liz huet nach ni souvill km gemaach

D'Liz huet 20 Joer a schafft op der Fouer als Serveuse. Et ass dat zweet Joer, datt hatt dobäi ass.

Leschten Update: 12.09.2018, 12:20:03

Lénks um éischten Dag a riets um leschten© Eldo

Dëst Joer huet den Eldo erëm Studenten begleed, déi eis erzielen, wéi et ass op der Fouer ze schaffen. Mir hu se op hirem éischten an op hire leschtem Schaffdag begleed.

Wéi ass et hinnen an där ganzer Zäit ergaangen?

Hei nach eng Kéier den Interview vum éischten Dag:
 
D'Liz um éischten Dag


A wat seet hatt no deenen 20 Deeg um Stéck schaffen?

Numm:
Liz.

Job:
Serveuse.

Alter:
19.

Dat wéi villt Joer op der Fouer?
Et ass mäin zweet Joer.

Wat mëss de soss nach am Liewen?
Ech ginn nach an d'Schoul. Mäin Hobby ass Reiden.

Firwat schaffs de op der Fouer?
Well ee gutt verdéngt awer och well et cool ass mat enger gudder Equipe zesummen ze schaffen.

Wat war dat Beschten Erliefnes?
Definitiv d'Schlofen dono, a wa mer Owes konnten Heem goen. Ech hat awer och vill Spaass mat menger Equipe!

Wei vill weis du elo?
Ech mengen, ech hunn villäicht 2 Kilo ofgeholl.

Wei vill Stonne Schlof krus du den Dag?
Ëmmer ëm déi 5 oder 6 Stonnen.

Wei vill Drénkgeld krus du?
Méi wei 200 Euro Drénkgeld d'Woch!

Wat war däi schlëmmste Client?
E Meedchen dat sech iwwert kaalt Iesse beklot huet, obwuel et definitiv nach waarm war. 

Wei vill Nummeren a Facebook Ufroe krus du?
Nummere keng, mee puer Facebook Ufroen.

Kënns du d'nächst Joer erëm?
Jo natierlech!

Däin Fouer-Fazit an engem Saz.
Vill Kilometeren an engem klenge Raum gelaf!


D'Liz um leschten Dag