Fouer-Studenten: FAZITD'Lizzi krut 8 Telefonsnummeren zougestach

D'Lizzi huet 19 Joer a schafft op der Fouer als Receptionnistin an hannert dem Comptoir. Et ass säin éischt Joer op der Fouer.

Leschten Update: 12.09.2018, 10:06:36

Lénks um éischten Dag a riets um leschten© Eldo

Dëst Joer huet den Eldo erëm Studenten begleed, déi eis erzielen, wéi et ass op der Fouer ze schaffen. Mir hu se op hirem éischte Schaffdag begleet  an op hirem leschten.

Wéi ass et hinnen an där ganzer Zäit ergaangen?

Hei nach eng Kéier den Interview vum 1. Dag:
 
D'Lizzi um éischten Dag


A wat seet hatt no deenen 20 Deeg um Stéck schaffen?

Numm:
Lizzi

Job:
Ech schaffe bei der Receptioun vun engem Zelt an hannert dem Comptoir.

Alter:
19

Dat wéi villt Joer op der Fouer?
Et ass mäin éischt Joer.

Wat mëss de soss nach am Liewen?
Ech sinn am Lycée op der Première. Soss ginn ech nach Reiden a gi gäre mat Frënn op den Tour.

Wéi vill weis de am Moment?
Muss ech dat éierlech beäntwerten? Vill! Mee ech denken, dass et mat deem ganzen Hin an Hir Lafe manner gëtt.

Wat war dat Beschten Erliefnes?
D'Erausgoen dono!

Wat war dat schlëmmsten Erliefnes?
Déi deelweis wierklech ondankbar Clientèle dëst Joer.

Wei vill wéis du elo?
Ech hunn labber 7 kg ofgeholl, well all meng Boxen déi mir net méi gepasst hunn, passe mir elo awer erëm! Deelweis sinn ech an engem Dag 13 km gaangen.

Wei vill Stonne Schlof krus du den Dag?
Ëm déi 4 Stonnen.

Wei vill Drénkgeld krus du?
Ronn 15 Euro den Dag.

Wat war däi schlëmmste Client?
Eng Grupp, déi sollten um hallwer 9 den Dech verloossen, an dunn wollten si awer net goen an hunn ugefaange mat maulen.

Wei vill Nummeren a Facebook Ufroe krus du?
Also ech hunn mir datt extra nach ganz genau opgeschriwwen: 33 Facebook Ufroen, 16 Follower op Insta an 8 Telefonsnummeren.

Kënns du d'nächst Joer erëm?
Jo sécher! An gären och nach eng kéier hei!

Däin Fouer-Fazit an engem Saz.
Ech kéint labber nach 3 Wochen drun hänken!

D'Lizzi um leschten Dag