Fouer-StudentenFAZIT: De Lou krut 50 Euro Drénkgeld pro Dag

De Lou huet 18 Joer a schafft op der Fouer als Serveur. Et ass säin éischt Joer op der Fouer.

Leschten Update: 13.09.2018, 14:32:56

Lénks um éischten Dag a riets um leschten© Eldoradio

Dëst Joer huet den Eldo erëm Studente begleed, déi eis erzielen, wéi et ass op der Fouer ze schaffen. Mir hu se op hirem éischten an op hirem leschte Schaffdag begleed.

Wéi ass et hinnen an där ganzer Zäit ergaangen?

Hei nach eng Kéier den Interview vum éischten Dag:
 
De Lou um éischten Dag


A wat seet hien no deenen 20 Deeg um Stéck schaffen?

Numm:
Lou.

Job:
Serveur.

Alter:
18.

Dat wéi villt Joer bass de op der Fouer?
Et ass mäin éischt Joer.

Wat mëss de soss nach am Liewen?
Ma meng Hobbye si Molen, Skateboardfueren a Fitness.

Firwat schaffs de op der Fouer?
Well ee gutt verdéngt a "Serveur" eng Aarbecht ass, wou een a Kontakt mat de Leit kënnt

Wat war dat Beschten Erliefnes?
Meng Equipe, well mir hunn eis all wierklech gutt verstanen an haten ëmmer vill Spaass.

Wat war dat schlëmmsten Erliefnes?
Natierlech ass et ëmmer peinlech wann een en Teller virum Client fale léisst.

Wei vill weis du elo?
Ech hu mech net gewiehen, mee ech hu sécherlech ofgeholl! 

Wei vill Stonne Schlof krus du den Dag?
Ech krut schonn tëschent 5 an 8 Stonne Schlof.

Wei vill Drénkgeld krus du?
Ech krut ronn 50 Euro den Dag!

Wat war däi schlëmmste Client?
Natierlech onhéiflech Leit, mee ech war awer elo vu kengem komplett ofgeschreckt.

Wei vill Nummeren a Facebook Ufroe krus du?
Net eng...

Kënns du d'nächst Joer erëm?
Wa se mech huelen, da ganz gären.

Däin Fouer-Fazit an engem Saz.
Ustrengend, awer et huet vill Spaass gemaach an ech hunn vill geléiert!

De Lou um leschten Dag