Foyer Light Run 2018

Eldoradio an de Foyer invitéieren op déi 4. Editioun vum Foyer Light Run dëse Samschdeg zu Dikrech!

Erlieft dëse Samschdeg eng eenzegaarteg Laf-Ambiance am däischteren um véierte

- FOYER LIGHT RUN -

De Startschoss fält um 21h00 Auer an der Aler Seeërei zu Dikrech!

Dir sidd geckeg, dot iech gäre faarweg un an hutt Spaass a Freed um Laafen, Joggen oder Trëppelen? Da mellt iech elo fir de FOYER Light Run un a gitt beim faarwegste Laf vum Joer mat un den Depart!

Um FOYER Light Run kënnt dir an enger eenzegaarteger Ambiance mat Spaass, Liichtspektakel a vill Animatioun e 6 Kilometer-Run ouni Chrono zréckleeën! Mat Glow-Zumba virum Laf an der aler Seeërei!
  • 6 km Nightrun
  • Geckeg Laaf-Ambiance
  • Liichtspektakelen
  • Vill Animatioun um a ronderëm de Parcours
  • Depart an Arrivée an der aler Seeërei
  • LIVE Sendung vu 17h00 un!

Mellt iech elo hei fir dëse FLUO-Run un a sidd dëse Samschdeg live mat dobäi a gitt mam Eldo-Team, mam Eric, Andy a mam Catherine un den Depart!



Verpasst och op kee Fall déi grouss Afterparty am Zentrum vun Dikrech beim LOUIS! Vun 21h00 un erwaarden iech hei déi beschte Beats vum DJ BANX!

Links