Hëllef och du Mënschen ze hëllefen!

Och dëst Joer steet de ganzen Abrëll erëm am Zeeche vum "Mois du Don" vun der Croix-Rouge.

Den traditionelle "Mois du Don" vun der Croix-Rouge ass och dëst Joer erëm vum 1. bis den 30. Abrëll a verfollegt e kloert Zil: Mënschen ze hëllefen, deenen et net esou gutt geet!

Vum 1. Abrëll un, ginn Ronn 2.000 Benevollen vun Haus zu Haus a sammele Donen fir d'Aktioune vun der Croix-Rouge ze ënnerstëtzen. Bei dëser Aktioun geet et dem Frank Schmit no, Organisateur vum "Mois du Don", awer net nëmmen ëm d'Sammele vun Donen, mee och ëm d'Geleeënheet op nei Mënschen ze treffen, sech auszetauschen, d'Croix-Rouge ze representéieren an de Matbierger d'Valeuren an d'Wäerter vun der Croix-Rouge méi no ze bréngen.

2017 goufe wärend dem "Mois du Don" 950.000 Euro gesammelt a konnten a verschiddene Beräicher agesat ginn:
  • Gesondheetsberäich
  • Soziale Beräich
  • Jugendberäich
  • Humanitär Zwecker
Gräif Mënschen, deenen et net gutt geet ënnert d'Äerm andeems du iwwert Facebook de Mois du Don ënnerstëtz.

Lauschtert iech hei de Reportage un


Merci fir deng Mënschlechkeet!
Links