Den Eldo Summer Roadtrip ass erëm ënnerwee!

Vum 13. Juli bis den 8. September ass den Eldo Summer Roadtrip erëm am ganze Land ënnerwee!

Kommt eis op déi verschidden Events besichen, wou den Eldo Summer Roadtrip en Tëschestopp aleet, maacht op der Plaz bei eisem Gewënnspill mat, a gewannt zesumme mam neie FORD Fiesta Active cool Präisser!

Den nächste Rendez-Vous ass den 20. Juli um Eastcoast Festival!
Den nächste Rendez-Vous ass den 21. Juli op der Luxembourg Balloon Trophy!

Kommt op eise Stand an erood wéi ee Summerhit an eisem Roadtrip-Auto leeft! Loosst iech dann zesumme mam neie FORD Fiesta Active fotograféieren a villäicht gewannt dir e Weekend mam neie FORD Fiesta Active oder ST. De Gewënner vun all Event gëtt op www.eldo.lu affichéiert! Sidd dir ee vun eise Gewënner hutt dir 3 Deeg Zäit fir iech bei eis via E-Mail, Facebook oder Telefon ze mellen!

Folgend Tëschestopps maache mir dëst Joer mam Summer Roadtrip:

13.07. ACEL Studentebal um Bouillon
20.07. Eastcoast Festival zu Mertert
21.07. POST Luxembourg Balloon Trophy 2018 zu Miersch
29.07. LBO Finals zu Esch/Uelzecht
04.08. Beachparty Preizerdaul
10.08. e-Lake zu Iechternach
11.08. Picadilly zu Stadbriedemes
08.09. Escher Kulturlaf zu Esch/Belval