"déi Lénk": jéngste KandidatBen Muller

De 14. Oktober gi mer wielen. Op de Lëschte vun den eenzelen Parteie stinn och vill jonk Kandidaten. Sou och de Ben Muller.

Leschten Update: 08.10.2018, 23:24:00

© Eldoradio

De Ben Muller dee fir "déi Lénk" mat an d'Wale geet, ass dee jéngste Kandidat. Hie kandidéiert am Bezierk Süden, huet 20 Joer an ass Student.

Firwat wëll de Ben Muller an d'Politik?



De Wal-Slogan vun "déi Lénk" ass: "Engagéiert fir Verännerung". Verännerung bréicht een dem Ben Muller no a ville Beräicher, ënnert anerem an der Ëmweltpolitik. Sou setzt de jonke Politiker sech zum Beispill fir eng konsequent Ëmweltpolitik an. Ënnert anerem misst him no de Klimaschutz mat an d’Verfassung iwwerholl ginn, och misst ee méi op den ëffentlechen Transport bauen, an de Lëtzebuerger Liewensstandard misst sech änneren.

De Ben Muller:


© Eldoradio


LINK/ Hei geet et bei de Wal-Programm vun "déi Lénk"