Walrecht zu LëtzebuergDierfe Leit mat geeschteger Behënnerung wiele goen?

An Däitschland z.B. ginn et ronn 80'000 Persounen, déi op Bundesniveau net dierfe wiele goen – well si dem Gesetz no geeschteg beanträchtegt sinn.

Leschten Update: 13.09.2018, 11:35:35

© ELDO

Zu Lëtzebuerg muss ee jo per Gesetz wiele goen, an anere Länner ass dat awer anescht. An eppes wat an anere Länner och anescht ass, ass d'Wahlrecht fir Leit mat enger geeschteger Beanträchtegung. An Däitschland z.B. dierfen der Tagesschau no ronn 80'000 Mënschen entgéint all Inklusiounsbeméiungen net wiele goen, dat well si vun engem Riichter ënner Tutelle gestallt gi sinn.

An et ass effektiv esou, dass och hei nach laang net all Mënsch ka wiele goen. E relativ aalt Gesetz vun 1982 verbitt dat nämlech all Persoun, déi ënnert Tutelle steet, esou Vera Bintener, Coordinatrice vum Service Inforamtion Juridique vun Info Handicap.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Dat selwecht gëllt fir d'Walkandidaten. Och do dierf keen sech opstellen, deen ënner Tutelle steet. Ma d'Gesetz soll geännert ginn, esou d'Vera Bintener weider.

An an dat neit Gesetz huet dann och näischt méi domat ze dinn, ob e Mënsch ënnert Tutelle steet oder net.

Och fir d'Presidentin vun Trisomie21, Martine Eischen, ass dat aktuellt Gesetz Tirangsdenken.

Ma der Presidentin no misst sech am Kader vun de Wahlen fir beanträchtegt Leit nach vill méi änneren. Ugefaange mam Zougang zu de Walbüroen a -kabinnen fir Leit mat beanträchtegter Mobilitéit, bis hin zu de Walziedele selwer. Fotoe vun de Kandidate wieren do z.B. eng Léisung, esou d'Martine Eischen nach.