Walkampf fir d'ParlamentswalenPlakater am ganze Land

Nach huet een net vill vun de Wale matkritt, ma esou lues a lues ginn déi verschidde Parteie wakereg.

Leschten Update: 24.09.2018, 06:45:40

© Eldoradio

Elo ass et esou, dass scho bei de Gemengewalen d'lescht Joer verschidde Parteien sech eng Zort Verhalenskodex ginn haten, wéi se hire Walkampf wäerte féieren. An dat ass och dëst Joer esou, obwuel sech verschidde Parteien iergendwann dovun distanzéiert hunn.

Éischt Plakater uechter d'Land opgestallt

Vun de Freideg un wäert een op eise Stroossen uechter d'Land no an no déi éischte Walplakater gesinn. 5 Woche soll de Walkampf duerno daueren, d.h. vum 10. September bis dann zu de Walen de 14. Oktober. 5 Parteie si méi wäit gaangen an hu sech eng Charta fir e faire Walkampf ginn, et sinn dat d'LSAP, d'CSV, déi Gréng, d'ADR an d'DP.

Hei de Reportage am Toun!


Ënner anerem steet an dësem Accord z.B., dass een op Kinospotten, bezuelte Reklamm op Surfacen dobaussen oder Reklamm op oder an ëffentleche Verkéiersmëttel verzicht. Och d'Fläch vun de Plakater ass festgeluecht, d'Ausgabe fir Reklamm an Zeitungen, Internet a Radio dierfe maximal 75'000 Euro bedroen a Plakater vun anere Parteien dierfen net erofgerappt oder beschiedegt ginn.

Manipulatioun via déi sozial Medie soll evitéiert ginn

Weider hunn sech d'Parteien dorop gëeenegt sougenannten „Hate Speech“, „Social Bots“ a „Fake News“ net ze benotzen a Kandidate vun anere Parteien net an den Dreck ze zéien. Ma 4 Parteien hunn d'Charta net ënnerschriwwen, d'Piratepartei, déi Lénk, d'KPL an déi Konservativ.

Zweiwel u Reechwäit a Wierkung vun der Charta

Deenen enge sinn d'Zougeständnesser net wäit genuch gaangen, déi aner hunn sech skeptesch gewisen, dass d'Signatairen sech un d'Accorde wäerten halen.

Während d'Piratepartei ënner anerem méi streng Formuléierunge gefuerdert huet, war e Problem fir déi Lénk och de maximale Budget, deen sech net op all d'Aspekter an Ausgabe vum Walkampf bezitt.

Vun deene Konservativen huet et geheescht, dass ee schonn eleng un engem faire Walkampf géif zweiwelen, well ee guer net zu dëser Ënnerschrëft invitéiert gi wier.

Op all Fall geet de Walkampf an den nächsten Deeg dann offiziell lass an et dierf ee gespaant sinn, wéi fair sech d'Parteie mat oder ouni Charta da wierklech wäerte behuelen.