Walen 2018Wat wiele mir e Sonndeg eigentlech?

Wien eng kléng Opfrëschung brauch, wat mer eigentlech genee e Sonndeg maache mussen - there you go!

11.10.2018, 06:02:41

© Eldoradio Archiv

Fänke mer bei eis Wieler un. Zu Lëtzebuerg gëllt bis 75 Joer d'Walflicht. Dëst Joer ginn 256.698 Leit wielen. Am direkte Verglach sinn der dat e puer méi wéi nach bei de leschte Chamberswalen am Joer 2013 - hei waren et knapp 239.000 Walberechtegter. D'Bréifwal hunn dëst Joer - dank engem neie Gesetz - bësse méi wéi 40.000 Leit ugefrot. 2013 waren et der knapp 18.000.

An der Chamber kënne 60 Deputéiert Plaz huelen, dës gi vun de Bierger gewielt. Hei wielt also d'Vollek d'Vertrieder vum Land, sou wéi et eis Staatsform, déi ënnert anerem och eng Demokratie ass, virgëtt. Wann d'Resultater also bis do sinn, gëtt gekuckt, wéi eng Parteien déi meeschte Stëmme kruten, respektiv wéi eng Parteien sech zesummen doen, fir op d'mannst 31 Deputéiert an der Chamber ze hunn.

Lauschtert hei de komplette Reportage


De Premier gëtt vum Grand-Duc ernannt, deen den Optrag kritt, eng Regierung ze bilden. An dat kann daueren. Hei kann ee kee geneeën Datum soen, wéini d'Regierung steet. Et musse Gespréicher gefouert a gemeinsam Iddien ausgeschafft ginn. Et muss ee sech awer och bei de verschiddene Wal-Punkten eens ginn.

All Partei hat säin eegene Walprogramm an et gëtt gekuckt, wéi déi eenzel Parteien op ee gemeinsamen Nenner komme kënnen. Aner wichteg Punkte sinn awer och, wéi eng Ministerposte wéi eng Partei kritt. Wann dat bis alles steet, gëtt de Koalitiounsaccord ënnerschriwwen, déi nei Regierung gëtt vereedegt an de Regierungsprogramm gëtt schlussendlech an der Chamber presentéiert.