Walen 2018Wat geschitt de Sonndeg am Walbüro?

Stëmmen zielen dauert laang a brauch vill Konzentratioun. Ma wéi leeft dat of a wat geschitt nach esou am Walbüro?

Leschten Update: 12.10.2018, 04:24:24

© Eldo

U sech ass Wiele goen, virausgesat et weess e wien oder wat ee wiele wëllt, einfach. Den Dag selwer muss een näischt anescht maache wéi maximal 23 Kräizer a scho kann een erëm heemgoen. Ma da fänkt d'Aarbecht fir Anerer eréischt un. Da ginn nämlech d'Stëmmen ausgezielt. An dat stonnelaang, obwuel d'Leit aus dem Walbüro jo natierlech scho vu Mueres un do musse sinn. Ma wéi gesäit den Dag am Walbüro iwwerhaapt aus, wat geschitt do an ass dat net awer iergendwéi langweileg? Dat hu mir eis gefrot an dofir hu mir mam Mark Wilwert geschwat, dee schonn d'lescht Joer bei de Gemengewalen d'Stëmmen ausgezielt huet an dat och de Sonndeg erëm am Walbüro zu Fréiseng mécht.

Stëmmen ziele bis Owes spéit

Fir d'éischt stellt sech emol d'Fro, wéi een iwwerhaapt dozou kënnt, fir an engem Büro Stëmmen auszezielen. Beim Mark Wilwert war dat esou, dass hie ganz einfach vum President vum Walbüro gefrot ginn ass, ob e Loscht hätt dat ze maachen an dat war et u sech. Wat elo de Waldag selwer ugeet, och do géif net vill Iwwerraschendes geschéien.

Lauschtert hei den 1. Deel vun der Reportage!

Gestaffelt Bezuelung jee no der Tâche

Da ginn d'Tâche verdeelt an da geet et u sech och scho lass an et kommen déi éischte Leit. Natierlech sëtzt een do gären emol bis Owes spéit an dofir gëtt dat Ganzt och bezuelt. Wéi vill dat ass wousst de Mark Wilwert elo net genee.

D'Bezuelung ass gestaffelt, räich gëtt een domat op all Fall awer net.

© Eldo


Den Handy am Walbüro?

Elo stellt sech awer nach d'Fro no verschiddene Reegelen. Esou streng wéi een dat kéint mengen ass et dann awer net. Handye sinn erlaabt an och d'Gespréich mat de Wieler ass net verbueden. Wat awer kloer net erlaabt ass, ass Saachen déi d'Wale selwer betreffen no baussen ze ginn.

Natierlech kann een och emol aus dem Walbüro erausgoen. Ma u sech wier ee jo engagéiert ginn fir am Walbüro ze schaffen, seet de Mark Wilwert. Eng Stonn dobaussen ze braddele wier also net déi beschten Iddi.

Ongülteg Stëmmen, Lëschtestëmmen a panachéiert Stëmme gi gesënnert

Nodeems de Walbüro prett ass, d'Kabinnen do stinn, d'Walurn opgeriicht ass an och soss alles steet geet et lass. Déi éischte Leit kommen an da gëtt gewielt. A wann da 14.00 Auer ass, da gëtt gezielt, respektiv fir d'éischt emol gesënnert, erkläert de Mark Wilwert.

Fir d'éischt ginn déi ongülteg Stëmmen erausgeholl, gezielt a protokolléiert. Da ginn d'Lëschtestëmmen an déi Walziedele, bei deene panachéiert ginn ass, op 2 Kéip gesënnert an da ginn d'Lëschtestëmme gezielt an nach emol kontrolléiert a protokolléiert.

Lauschtert hei den 2. Deel vun der Reportage!


Stëmme ginn direkt e puermol kontrolléiert

An da geet déi ustrengendst Aarbecht un an zwar d'Ausziele vun den eenzele Stëmme fir d'Kandidaten. 2 Leit maachen also e Stréch fir all Stëmm an dat simultan. Dobäi gëtt och bei all Stréch d'Zuel vun der Zomm vun de Stëmme fir de respektive Kandidat haart gesot. Esou fale Feeler schonn ënnerwee op. Weider kuckt och deem deen d'Strécher mécht een iwwer d'Schëller fir dat ganzt zousätzlech ze kontrolléieren.

Verschidde Resultater um Enn vum Ziele géifen nämlech bedeiten, dass nei misst gezielt ginn.

Nëmmen zäitweis e bësse langweileg

Ma elo nach zu där gréisster Fro: Ass et net langweileg säi ganze Sonndeg am Walbüro ze verbréngen?

Zäitweis jo, seet de Mark Wilwert. Grad a Phasen an deene guer keng Leit kommen, wier et relativ langweileg. Ma op där anerer Säit wier jo meeschtens awer eng lass a fir hie selwer wier et trotz allem ganz spannend gewiescht emol matzendran ze sinn an dat ganzt amplaz aus der Tele oder dem Radio direkt op der Plaz vu ganz Noem matzekréien.