Fouer 2019Wat kaschten de Mini an de Fësch dëst Joer?

D'Fouer ass e Mekka fir Schneekegkeeten a richteg leckert Iessen. Wat kascht de ganze Spaass dann dës Editioun? Ass et méi deier ginn?

Leschten Update: 23.08.2019, 19:03:00

© Eldoradio

Eldoradio huet fir iech en Tour iwwert d'Fouer gemaach a gekuckt, wéi vill Suen een dëst Joer fir Fësch, Gromperekichelcher, Mini a Co. muss aplangen.

Eng klassesch Lëtzebuerger
Grillwurscht a Mettwurscht kaschten tëscht 3€50 an 4. De Präis fir en Hamburger variéiert tëscht 4€50 a 6€ a fir en Cheeseburger muss een dëst Joer op d'mannst 5op den Dësch leeën. Déi beléifte Gromperekichelcher (3 Stéck) ginn et fir 4€50 (ouni Kompott, dee kascht extra), op e puer Plaze sinn dës souguer 5€.

D'Portioun
Fritte schléit mat 3€ bis 4€ an de Portmonnie. Eng Portioun Bami-Nuddele ginn et fir 5€. Fir all Fouer-Begeeschterten ass de gebakene Fësch natierlech e Must! Hei ass de Präis vu Bud zu Bud ënnerschiddlech. Bei verschiddene muss ee fir de komplette Fësch mat Fritten an Zalot bis zu 27€50 op den Dësch leeën. Fir de Fësch eleng variéiert de Präis, hei muss een awer scho mol 23€20 arechnen.

Wann een de gebakene Fësch doheem genéisse wëll, da kascht et 1710 - hei lount et sech d'Präisser vun de Buden ze vergläichen. Den Eisekuch mat Zocker gëtt et scho fir 2€50 a fir eng Barquette Churros sinn et 450 bis 5. D'Schockelasuebst gëtt et vun 3€50 un an eng Zockerwatt kascht tëscht 2€ a 4€, déi beléifte Muffle-Waffele kaschten tëscht 7€50 an 8€50. Fir e kale Mini muss ee mat 3€50 rechnen, bei der Coupe sinn et 5€ bis 7€. Hei variéieren d'Präisser natierlech och vu Bud zu Bud. D'Hunnegdrëpp kascht op d'mannst 3€50, d'Cola tëscht 2€50 an 3€.

LINK / Hei d'Restauranten am Iwwerbléck