Fouer 2019Wat kaschten déi nei Spiller an d'Klassiker dëst Joer?

D'Spiller schloen ëmmer nees an de Portmonnie - wéi gesäit et da fir dës Editioun aus?

Leschten Update: 23.08.2019, 19:01:16

© Eldoradio

Bei de Spiller sinn et natierlech déi nei Attraktiounen, déi interesséieren. D'"Alpina Bahn", déi zu de groussen Highlights gehéiert, ass da méi bëlleg wéi um Oktoberfest: Aplaz 11€, bezilt een um Glacis 6€ pro Faart.

Och nei ass den
"Transformers", dëse kascht 5€. Beim "Aeronaut", e Karussell mat Klunschen, ass ee mat 6€ dobäi. "Intox" a "Crazy Clown" kaschten 5€ respektiv 3€ .

LINK / Déi nei Spiller am Detail

Eriwwer bei Spiller, déi d'Jore virdru schonn um Glacis ze fanne waren. De knallrosaen
"Shakers" kascht 4€, fir de "Rotor" sinn et 5€. Fir de Klassiker Riserad sinn et 7€, "Tagada" oder Spigelhaus kaschte jeeweils 4€.

Déi beléiften
"Bayern Kurve" ass 50 Cent méi deier ginn a kascht dës Joer 4€50. Beim "Break Dance" ass ee beim Präis vu 4€ bliwwen.


LINK / Hei all d'Attraktiounen am Iwwerbléck

Hei e puer Spiller am Iwwerbléck:

Aeronaut: 6€

Alpina Bahn: 6€

Bayern Kurve: 4€50

Break Dance: 4€

Cinema 5D: 350

Circus Circus: 4€

Crazy Clown: 3€

Happy Circus: 3€

Intoxx: 5€

Riserad: 7€

Rotor: 5€

Route 66: 5€/10€

Shakers: 4€

Spigelhaus: 4€

Tagada: 4€

Take Off: 4€

Transformer: 5€

Twister Maxi Jump: 4€