Fouer 2019De Programm an d'Auerzäiten

De Freideg geet d'Schueberfouer un an da geet et erëm bis den 11. September esou richteg lass um Glacis. Hei fannt dir de Resumé vum Programm.

23.08.2019, 08:01:35

© Eldo

Offiziell gëtt d'Fouer ëm 17.00 Auer de Freideg den 23. August ageweit an da gëtt et och direkt schonn eng Nuit Blanche bis 2.00 Auer an der Nuecht. Ma wéi all Joer, ginn et och dëst Joer extra Deeg, op deenen emol gären e bësse méi lass ass, op deene méi laang op ass oder op deenen d'Präisser erofgesat ginn.

Nuit Blanche freides a samschdes

Fänke mir mat den Ëffnungszäiten un: All Dag kënnen d'Forainen hir Spiller a Bude vun 11.00 Auer un opmaachen. Vu méindes bis donneschdes ass d'Fouer da bis 1.00 Auer an der Nuecht op, freides a samschdes bis 2.00 Auer a sonndes erëm bis 1.00 Auer.

De Méindeg de 26. August ass dann och direkt dat offiziellt Maskottche vun der Schueberfouer, de Lämmy um Tour, dat vu 14.00 bis 16.00 Auer.

Bis zu 30% Reduktioun um Familljendag

Den Dënschdeg de 27. August ass den Dag vun de Buergermeeschter an de Mëttwoch den 28. August gëtt et dann interessant: do ass nämlech de ganzen Dag iwwer de Familljendag mat reduzéierten Tariffer vu bis zu 30% op de Spiller.

Den Donneschdeg den 29. August geet et weider mam Dag vun de Kinniginnen, dat ëm 17.00 Auer. Do sinn d'Schéinheets-, d'Wäin-, d'Béier- a soss Kinniginnen op der Fouer ënnerwee.

Zwar huet dat nächst net direkt eppes mat der Schueberfouer ze dinn, ma de Sonndeg an de Méindeg, d.h. den 1. an den 2. September ass Braderie an der Stad an am Garer Quartier.

Freedefeier mécht den Ofschloss vun der 679. Schueberfouer

Den Donneschdeg de 5. September ass den traditionelle Biergerdag, do ginn d'Patronen aus der Stad jo mol gären en Iesse fir hir Mataarbechter aus an da si mir och schonn um Enn ukomm.

De Mëttwoch den 11. September ass dann nämlech nach emol en Dag op deem d'Spiller bis 20.00 Auer owes nëmmen d'Halschent kaschten.

Ëm 22.00 Auer ass natierlech dat grousst Freedefeier, dat den Ofschloss vun der Fouer mécht an ëm 1.00 Auer war et dat da mat der 679. Editioun. An dann heescht et erëm e Joer waarde bis déi 680. Editioun den 21. August 2020 lass geet.