Fouer 2019Déi nei Spiller am Iwwerbléck

Wéi all Joer ginn et och dëst Joer eng ganz Rei Spiller déi nei wäerte sinn an och dat eent oder anert wat net méi mat dobäi ass.

Leschten Update: 23.08.2019, 08:28:16

© Eldoradio

D'Spiller, op déi een dëst Joer verzichte muss, sinn ënnert anerem den "Infinity", den "Thriller" an d'"Tiki Party". Dëst hat d'"Schueberfouer Fanpage" scho virun e puer Wochen op Facebook matgedeelt.

Ma dëst Joer ginn et awer nees eng Partie nei Attraktiounen. Wéi d'Stad matgedeelt hat, kann ee sech op 6 nei Spiller freeën.

Dorënner ass zum Beispill d'"Alpina Bahn", eng Achterbunn, déi ee soss um Oktoberfest zu München erëm fonnt huet. Et ass déi gréissten a längsten transportabel Achterbunn vun der Welt ouni Iwwerschlag. Bei enger Héicht vun 32 Meter an enger Längt vun 910 Meter erreegen d'Waggonen eng maximal Vitess vun 80 km/h.

Den "Techno Power" ass dëst Joer och ënnert den Neiheeten ze fannen. Et handelt et sech ëm keng Achterbunn, mee ëm e Spill, dat sech dréint. D'Leit sëtzen a sougenannten "suspended" Gondelen, déi u ganzer 6 Äerm befestegt sinn, d'Been hänken hei fräi iwwert dem Buedem. Mat enger Beschleunegung vu 4G gëtt een an de Sëtz gepresst. Dat, wat hei ganz speziell ass, ass dass en Dj live op der Plaz fir déi passend Musek suergt.

Fir Leit, déi et gär hunn net méi ze wëssen, wou ënnen an uewen ass, fir déi ass den "Transformer" genee dat Richtegt. Hei sëtzt een niewenteneen an engem Krees, deen ufänkt ze dréinen an dann dat Ganzt schlussendlech ganz op d'Kopp dréint.

Den "Aeronaut" ass da fir déi ganz Famill geduecht. Kleng Schaukelen op engem Karussell, déi bis zu 73 Meter an d'Luucht ginn a bis zu 70 km/h séier dréinen. Eng ganz nei Attraktioun, déi dëst Joer seng Première feier - Adrenalin pur an 73 Meter Héicht.

Den "Intoxx" ass dëst Joer och nei um Glacis. Eng Attraktioun, déi och soss nach ni op der Schueberfouer ze fanne war.

Fir déi Kléng gëtt et dann nach de "Crazy Clown". A Waggonen, déi am Krees hannertenee stinn, geet et a schëtzegem Tempo am Krees op an of.

Lauschtert eran