Fouer 2019Bilan vum 1. Weekend: Foraine sinn zefridde

De Méindeg hunn d’Forainen de Bilan vum éischte Fouerweekend gezunn. Am Grousse Ganzen hu si sech zefridde gewisen.

Leschten Update: 29.08.2019, 08:24:02

© eldo

Um Méindeg hunn d’Forainen de Bilan vum éischte Weekend vun der Fouer gezunn. An et wier ee bis ewell ganz zefridden, dat net zulescht wéinst dem gudde Wieder wärend dem Weekend.

Weider gouf och dat offiziellt Maskottche vun der Schueberfouer nach emol virgestallt. Bis zum Enn vun der Fouer verdeelt de Lämmy jo Lousen, déi duerno an engem Gewënnspill ausgeloust ginn. Um Enn wäerten d’Suen, déi dobäi erakomm sinn, un d’Affer vum Tornado an de Gemenge Péiteng a Käerjeng gespent ginn.

De President vun der Forainsfederatioun, de Charles Hary, huet donieft nach Stellung zu de Virwërf, dass op der Fouer Studente géifen ausgenotzt gi, geholl. Dat wier natierlech net richteg. Och wann net ausgeschloss wier, dass mol schwaarz Schof dobäi wieren, géifen d’Autoritéite jo och an där Hisiicht streng kontrolléieren.

Op d’Präisser ugeschwat, soten déi Responsabel, dass een dacks méi bëlleg wier, wéi am Ausland, dobäi kënnt jo nach, dass den ëffentlechen Transport bis op d’Fouer gratis ass.