Fouer 2019Spiller am Test: Vollgas op der Alpina Bahn!

5 Spiller hunn den Andy an de Vugel fir iech getest. Wat kaschte se? Wéi sinn d'Spiller a sollt een do wierklech mam Date drop goen?

Leschten Update: 30.08.2019, 08:14:41

© Eldoradio

Spill 5: Alpina Bahn

Zu gudder Lescht hunn den Andy an de Vugel sech op déi längsten transportabel Achterbunn vun der Welt ouni Iwwerschlag getraut. Kléngt schlëmm, war et awer net. No 3 méi schroe Spiller an engem Karussell a 70 Meter Héicht war dës Kéier also mol eng gemittlech Achterbunn drun.

De Spaass-Faktor ass immens. Et geet zwar "just" erop an erof, et ass een awer nonstop um Laachen. Och wann ee vill ronderëm rutscht, huet een no der Faart näischt wéi - also gemittlech.

6 Euro bezilt een hei, deen een oder aneren huet sech bestëmmt schonn iwwerluecht direkt eng zweete Kéier drop ze goen.

Mam Partner op d’Alpina Bahn ze goen ass och net déi schlechtsten Iddi. Et sëtzt ee schéin no niewenteneen an no der éischter Descente huet ee bestëmmt nach méi Päiperleker am Bauch.

Fazit: Eng ganz gemittlech Famillen-Achterbunn fir Grouss a Kleng.

                                                      5/5 Stären!

Lauschtert dem Andy an dem Vugel hir Reaktioun:


© Eldoradio


Spill 4: Aeronaut

E ganz normal Karussell ass jo scho bal langweileg. Ma fir et e bësse méi spannend ze maachen, hu se sech beim Aeronaut geduecht – maache ma d’Karussell einfach 70 Meter méi héich ewéi soss. Matt enger Vitess vu 70 km/h hänkt een zu zwee u klenge Ketten an dréit e puer Ronnen. Et kann een net behaapten, dass den Aeronaut gemittlech ass, mee e léisst sech besser fueren, wéi déi aner 3 Spiller.

6 Euro kascht de Spaass an et iwwerleet ee sech et op alle Fall, op engem aneren Dag nach eng Kéier drop ze goen.

De Spaass-Faktor ass gelueden an och beim Aeronaut kann een nach a 70 Meter Héicht gutt laachen.

Mam Date gëtt et kee bessert Spill. Et sëtzt een zu zwee an zwee, ka sech unenee festhalen an d’Vue genéissen.

Fazit: Kee Spill fir erofzekommen, mee fir puer Minutten e klengt Kribbelen am Bauch ze hunn - einfach nëmme schéin.

                                                           4/5 Stären

Lauschtert dem Andy an dem Vugel hir Reaktioun:


Spill 3: Techno Power


Den Techno Power - e Spill dat en extrem strammen Tempo drop huet a sech dréit an dréit an dréit. Den Orientéierungssënn ass no e puer Sekonne scho fort an de Kapp mellt sech och kuerz Zäit spéider. En Iwwerschlag wéi beim Intoxx an dem Transformer gëtt et net, mee dat stéiert och net. Power wéi et am Numm scho steet, ass massiv enthalen.

E Präis vu 4 Euro muss ee bezuelen a lass kann et goen.

De Spaass-Faktor ass um Ufank nach relativ grouss, bis et dann no kuerzer Zäit schoun duergeet- e gutt Spill, dat awer net fir jiddwereen eppes ass.

Fir mam Date den Techno Power ze besichen ass dëst wahrscheinlech dat optimaalt Spill, well ee sech zu zwee kann d’Hännercher halen, mee fir engem d’Jo-Wuert ze ginn ass et dann awer dach ze hefteg.

Fazit: E gutt Kiermes-Spill, dat een eng Kéier teste kann, sech dann awer och erëm op Buedem ënnert de Féiss freet.

                                                           3/5 Stären!

Lauschtert dem Andy an dem Vugel hir Reaktioun:


© Eldoradio

© Eldoradio

Spill 2: Transformer

Normalerweis kuckt ee sech d'Spill virun der eegener Faart un a mécht sech e Bild. Ma beim Transformer léisst een dat besser sinn. Wann een engem nokuckt, dee sech ganz fest unhält, d'Aen zou huet a wierkt, wéi wann et déi lescht Sekonne vum Liewe sinn, da geet een net méi esou gemittlech op d'Spill.

Do léisst sech awer leider näischt drun änneren, déi 5 Euro si bezuelt an et gëtt keen Zeréck.

De Spaass-Faktor ass hei awer garantéiert! Bei gudder Musek an engem lëschtege Kärel hannert dem Mikro ass ee vill um Laachen. Dat awer och nëmme wann d'Maschinn nach net leeft - dono gëtt just nach gebrëllt.

Hutt dir vir mat der zukünfteger Frëndin op den Transformer ze goen? Setzt iech léiwer géigeniwwer, da gesitt der iech wéinstens. Mat Händschen halen a séisse Gespréicher klappt et hei nämlech net.

Fazit: "Sprachlos!"

                                                            5/5 Stären!

Lauschtert dem Andy an dem Vugel hir Reaktioun:


© Eldoradio

© Eldoradio


Spill 1: Intoxx

Wann een iwwer d'Fouer leeft an ee bemol virun engem Spill Respekt huet, weess ee wou een ass - et steet ee virum Intox. E Spill, dat sech ëm all d'Achsen dréit an ee komplett d'Orientéierung verléiert. D'Spill geet extrem laang am Géigesaz zu anere Spiller a wann ee mengt et wier fäerdeg, dréit sech nach eng Kéier alles an déi aner Richtung.

De Präis vum Intoxx läit bei 5 Euro,déi et op jiddefalls der Wäert sinn.

De Spaass-Faktor ass wéi erwaart um héchste Level, mee mam Date ënnerhält ee sech hei net. Gréisstendeels gëtt nëmme Gebrëllt an de Bols ass gefillt bei 300. Méi brauch een als Achterbunn-Liibhaber net.

Fazit: E mega Spill op dat ee gär méi wéi eng Kéier geet, fir een net ze iwwerdriwwene Präis.
                                                           5/5 Stären!

Lauschtert dem Andy an dem Vugel hir Reaktioun:


© Eldoradio

© Eldoradio