Den Eldo Summer Roadtrip ass erëm ënnerwee!

Vum 6. Juli bis den 1. September ass den Eldo Summer Roadtrip fir iech op deene coolsten Eventer am Land ënnerwee!

Kommt eis op déi verschidden Events besichen, op deenen den Eldo Summer Roadtrip en Tëschestopp aleet, maacht op der Plaz bei eise verschiddene Spiller mat, a gewannt zesumme mat JOIN, Kinepolis & BIL cool Präisser!

Den nächste Rendez-Vous ass den 19. Juli um Eastcoast Festival zu Mäertert!

Op all Tëschestopp erwaarden iech aner Aktivitéiten a Spiller. Maacht bei eisem Spill um Event mat & loosst iech wärenddeems vun eisen Eldo-Fotografe knipsen. Sidd dir eise Gewënner vum Event, gëtt är Foto méindes op www.eldo.lu affichéiert. Duerno huet de Gewënner 3 Deeg Zäit fir sech bei eis via E-Mail, Facebook oder Telefon ze mellen!

D'Fotoe vun all de Gewënner fannt dir hei!

Folgend Tëschestopps maache mir dëst Joer mam Summer Roadtrip:

06.07. Open Air Housen
12.07. ACEL Studentebal um Bouillon
19.07. Eastcoast Festival zu Mertert
28.07. LBO Finals zu Esch/Uelzecht
03.08. Beachparty Préizerdaul
09.08. e-Lake zu Iechternach
10.08. Picadilly zu Stadbriedemes
01.09. Mähdreschercross

Links