Burgers, Beer & BlockbusterThe Hitman's Bodyguard @ Kinepolis Kierchbierg

Eldoradio presentéiert dëse Freideg déi nei Burgers, Beer & Blockbuster mam Film "The Hitman's Bodyguard"!

De Michael Bryce ass dee beschte Sécherheetsagent a Bodyguard vun der Welt a gëtt engagéiert fir de berühmten Opdragskiller Darius Kincaid ze beschützen! De Kincaid soll an engem Geriichtsprozess fir d'Fräiloossung vu senger Fra virum Geriicht zu Den Haag aussoen, dofir muss hien awer rechtzäiteg zu Den Haag ukommen...

Eng Soirée exklusiv nëmme fir Männer!

Eldoradio a Kinepolis stellen iech d'Burgers, Beer & Blockbuster vir:
Dëse Freideg vun 18h30 un am Kinepolis Kierchbierg mat Afterwork (1 gratis Béier oder Softdrink) a Burgers. De Film gëtt um 19h30 gewisen! (16+)

Spillt mat a gewannt 2 Tickete fir dëse Film am Kinepolis Kierchbierg!(D'Gewënner gi bis en Donneschdeg kontaktéiert)

"Burgers, Beer & Blockbuster" ass den nämmlechten Dag och vun 18h30 un am Kinepolis Belval!