Fuesent150 Jar Dikricher Cavalcade

Am Kader vum 150. Jubiläum vun der Dikricher Cavalcade sinn nieft der Kavalkad och nach aner Festivitéite geplangt!

Lass geet et donneschdes, den 20. Februar mat engem

Musée Workshop & Kanner-Fuesparty

Gestallt vun 14h00 bis 17h00 deng eege Mask - esou bass du direkt prett fir duerno um 17h00 op d'Kannerfues-Party - gefeiert gëtt hei mat Animatioun am Zelt hannert dem Musée.

EXPO - 150 Jar Dikricher Cavalcade

Donieft ass den 20. Februar och de Vernissage vun der Expo "150 Jar Dikricher Cavalcade" am Kulturhaus mat Buch- & CD-Virstellung um 18h30. D'Expo ass bis den 1. Mäerz all Dag (ausser méindes) vun 10h00 bis 18h00 fir de Public op!

Dikricher Cavalcade

Sonndes, den 23. Februar ass dann déi 41. Editioun vun der Dikricher Cavalcade ënnert den Eselen aus der Sauerstad - hei steet ganz Dikrech op der Kopp!

Den
Depart vun der Cavalcade ass sonndes um 14h30 an der Route de Gilsdorf mat Arrivée géint 17h30 an der Avenue de la Gare!

Wien duerno nach net genuch vu Fuesent huet, dee ka vu 16h00 un am Centre Culturel "Al Seeërei" Party bis owes spéit maachen!

Hei gëss du alles gewuer, ob mam Zuch oder Bus, kommt alleguer!

Spillt elo hei mat a gewannt e Package mat 2 Ticketen!(D'Gewënner gi bis e Samschdeg kontaktéiert)

Dikricher Cavalcade - dëse Sonndeg Mëtteg zu Dikrech!
Links