Ladies' Night am KinepolisA simple Favor

Eldoradio presentéiert Dënschdes de 25. September déi nei Ladies' Night mam Film "A simple Favor" am Kinepolis Kierchbierg!

D'Stephanie, eng elengerzéiend Mamm, léiert duerch hire Jong Miles, d'Emily kennen, d'Mamm vum Nicky, dem beschte Kolleg vum Miles. Well d'Stephanie ëmmer immens hëllefsbereet ass, ass hatt och direkt domat averstanen, dem Emily fir ee Mëtteg auszehëllefen a säi Jong ze versuergen. Wéi d'Emily Owes den Nicky awer net siche komm ass an hatt verschwonnen ass, setzen sech d'Stephanie an dem Emily säi Mann zesumme fir d'Emily ze fannen. Deeg a Woche verginn, an deenen d'Emily net opdaucht an déi 2 komme sech ëmmer méi no, well si net nëmmen zesummen nom Emily sichen, mee d'Stephanie him och mam Nicky hëlleft an ënnert d'Äerm gräift! D'Witfra Stephanie dreemt scho vun enger gemeinsamer Zukunft, wéi enges Daags dem Emily seng Läich fonnt gëtt...

Eldoradio presentéiert "A simple Favor" an der Ladies' Night, Dënschdes, de 25. September am Kinepolis Kierchbierg!

Gewannt är Tix fir d'Ladies' Night am Kinepolis Kierchbierg!(D'Gewënner gi bis e Méindeg kontaktéiert kontaktéiert)

Ladies' Night, Dënschdes, de 25. September am Kinepolis Kierchbierg vun 18h30 u mat coolem Afterwork, Animatioun a verschiddene Stänn - de Film fänkt um 19h30 un! Eng weider Seance gëtt et den nämmlechten Dag och mat Afterwork um 20h00 - hei fänkt de Film um 21h00 un!

Eng weider Ladies' Night gëtt et Mëttwochs, de 26. September am Kinepolis Belval vun 18h30 u mat coolem Afterwork, Animatioun a verschiddene Stänn!

D'Ladies' Night ass nach net sold out an et ginn nach Tickete fir d'Ladies' Night um Kierchbierg an um Belval!