What's UpEastcoast Festival

Dëse Freideg ass zu Mäertert déi 5. Editioun vum alljähregen Eastcoast Festival! Let there be Rock!

D'Gemeng Mäertert invitéiert op déi 5. Editioun vum "Eastcoast Festival" - E Festival mat fräiem Entrée a mat ville musikaleschen Highlights op 2 Bühnen:

  • Thomas Godoj
  • Fox
  • Elysian Gates
  • Rust&Dust
  • Räpzodi
  • Dr. Gonzo

Lass geet et dëse Freideg um 17h00 mat Afterwork Party um neie Parking am Agang vu Mäertert!

Loosst iech äre Cocktail an der chilleger Loungebar schmaachen a genéisst d'Iessen vun verschiddenen Food Trucks am Food Village!

Parkméiglechkeete ginn et beim Akafszentrum Copal mat gratis Navetten op de Festival-Site! Profitéiert och vun de Latenightbusser déi an der ganzer Régioun fueren!

Verpasst also op kee Fall den "Eastcoast Festival" dëse Freideg Owend zu Mäertert!

Spillt mat a gewannt e 25€ Bong! (D'Gewënner gi bis en Donneschdeg kontaktéiert)

Links