Obscure NightTraus du dech an déi nächst Obscure Night?

Eldoradio presentéiert d'Obscure Night mat der Avant-Première vum Horrothriller "Wish Upon", dësen Donneschdeg am Kinepolis Belval!

Am Fantasy-Horrorthriller "Wish Upon" kritt dat 17 järegt Clare eng al Spillauer geschenkt, déi sengem Besëtzer 7 Wënsch erfëllt! D'Clare gleeft net wierklech un esou iwwernatierlech Saachen an awer probéiert hatt säi Gléck a wënscht sech eppes! Nodeems dëse Wonsch an Erfëllung geet, wënscht hatt sech ausserdeem nach Suen a Succès bei sengem heemleche Schwarm! Leider hunn dës Wënsch en héije Präis...

Eldoradio a Kinepolis Belval erféieren iech an der nächster Obscure Night! (16+), dësen Donneschdeg vun 19h30 un am Kinepolis Belval!

An den Horror-Kuerzfilm "Fils" bréngt iech virum eigentleche Film scho mol an déi richteg Stëmmung!

Spillt mat a gewannt 2 Tickete fir dëse Film am Kinepolis Belval!(D'Gewënner ginn dëse Mëttwoch kontaktéiert)