Avant-PremièreBlack Panther

Erlieft d'Avant-Première vu "Black Panther", dësen Dënschde Mëtten am Kinepolis Kierchbierg!

Den T'Challa ass als Black Panther net nëmmen ee vun den Avengers, mee och zukünftege Kinnek a sengem Heemechtsland Wakanda. Wakanda läit an Afrika an ass dat eenzegt Land op der Welt wou et dat seelent Metall "Vibranium" gëtt - e Metall, aus deem dem Captain America säi berühmt Schëld hiergestallt gouf. Wéi dunn op eemol en ale Feind vum Black Panther opdaucht, huet hien net nëmme säi Vollek ze verteidegen, mee déi gesamt Mënschheet!


Eldoradio presentéiert d'Avant-Première an originaler Fassung vu "Black Panther", dësen Dënschdeg um 13h45 am Kinepolis Kierchbierg!

Spillt mat a gewannt 2 Tickete fir dëse Film am Kinepolis Kierchbierg!(D'Gewënner gi bis e Méindeg kontaktéiert)

Erlieft dës Avant-Première dee selwechten Dag och op däitsch an op franséisch am Kinepolis Belval a Kierchbierg. De Film leeft och an der 3D-Versioun! De geneeë Programm fannt dir hei!