Studio Ben - SpecialDebatable - Show online

Kuckt Iech d'Special Edition un!

Vun 20h00 bis 22h00 diskutéiert de Ben mat maximal 5 Gäscht iwwert sech, hiert Liewen an hier Usiichten, d’Gesellschaft an hier Phenomener, d’Aktualitéit an d’Récksäit vun der Medaille! Vun elo un kënnt all 1. Dënschdeg am Mount Studio Ben um Eldo, op eldo.TV an op eldo.lu.

Et probéiert ee Lëtzebuerg mat all senge Facette, Klischeeën a Viruerteeler ze beliichten, heiansdo ze entlarven an um gëllene Plateau ze zerwéieren.

1 mol de Mount leeë mer d’Klacken an d’Häerz op den Dësch, sezéieren se a setzen se erëm an. Iergendwéi.

Radikal. Direkt.

Dës Woch gouf et schonn direkt eng Special Edition, an zwar d'Show an der DEBATABLE Versioun. An e puer Ronnen hunn de Ben a seng Gäscht bewise wéi gutt se sech fir e Nonsense-Thema kënnen asetzen, oder och net!

D'Géigespiller vum Ben ware seng Aarbechtskollege vum Eldo: d'Lynn Warken, d'Lis Barthel, den David Winter, de Jules Serrig an aus der StuBe-Crew d'Marlène Clément. Moderéiert gouf de Spaass vum Max Kasel.

Wat huele mer vum Owend mat: E Selfiestick ass praktesch fir an d' Box ze stierchen, eng Pizza mat Ananas ass schlecht fir d'Zänn an de Patrick Greis ass de Bommeleër! 

Kuckt Iech dat onbezuelte Wierk un!