What's UpTeenage Dream @ Al Seeërei zu Dikrech

Muer ass zu Dikrech an der Aler Seeërei eng Info-Foire mat uschléissender Party fir Jonker tëscht 11 a 15 Joer!

D'Nordstadjugend an Eldoradio presentéieren muer den Owend

TEENAGE DREAM - 100% Spaass, 0% Alkohol

Vu 18h00 bis 20h00 kann ee bei enge sëllechen Info-Stänn u flotte Spiller, Workshops an engem klenge Rallye deelhuelen, wou ee verschidde Präisser gewanne kann.

Dëst alles an Zesummenaarbecht mat de Partner: Police Grand-Ducale, Grénge Schapp, PINS a.s.b.l., Kanner- a Jugendtelefon, Bee Secure, non-alkoholescher Cocktailbar Be Juicy, Zentrum fir politesch Bildung a Ludobus.

Vun 20h00 bis 23h00 suergen d'Eldo-DJs Janko a Se7en fir déi beschte Beats op der Danzpist, ganz ënnert dem Motto:
  • 100 % Spaass
  • 100 % Informatioun
  • 100 % Partystëmmung
  • 0 % Alkohol
D'Entrée fir Jonker déi tëscht 18h00 an 19h30 un der Foire deelhuelen ass fir näischt - duerno fir d'Party vun 20h00 u kascht d'Entrée 5€.

Spillt mat a gewannt en 10€ Consommatiounsbong!(D'Gewënner gi bis e Freideg kontaktéiert)

TEENAGE DREAM - Dëse Freideg, den 18. Mee zu Dikrech an der Aler Seeërei fir Jonker tëscht 11 a 15 Joer, organiséiert vum edukative Personal vun der Nordstadjugend!

Links