Family at the movies @ KinepolisSmallfoot - Ein eisigartiges Abenteuer

Eldoradio presentéiert Sonndes, de 14. Oktober "Family at the movies" mam Film "Smallfoot - Ein eisigartiges Abenteuer" am Kinepolis Kierchbierg.

De Migo ass en éierlechen an treie Yeti, dee säin Häerz op der richteger Plaz huet. Hien huet ëmmer alles gegleeft, wat him a sengem Duerf gesot a bäibruecht ginn ass, bis hien enges Daags e Wiese gesäit - e Mënsch - dat eigentlech guer net existéiere soll. Dëst stellt säi komplett Liewen op d'Kopp, well hien alles a Fro stellt, wat hie jorelaang gesot krut. Well awer keen a sengem Duerf him gleeft, dass et Mënschen - och nach "Smallfoots" genannt existéieren, mécht de Migo sech op d'Sich no Beweiser...

Eldoradio presentéiert "Smallfoot" e Sonndeg vun 10h00 un am Kinepolis Kierchbierg mat:

  • Kanneranimatioun
  • Zauberer
  • Gesiichtsmolerei
  • Molatelier
  • Fotostand
  • Iess- a Gedrénksstänn
A vun 11h00 u mam Film "Smallfoot - Ein eisigartiges Abenteuer"!

Gewannt 4 Tix fir "Ein eisigartiges Abenteuer" am Kinepolis Kierchbierg!(D'Gewënner gi bis e Freideg kontaktéiert)

"Family at the movies", dëse Sonndeg am Kinepolis Kierchbierg vun 10h00 un!

Eng weider Seance vu "Family at the movies" gëtt et den nämlechten Dag och am Kinepolis Belval vun 10h00 un!