What's UpSundayVibes um Schëff RiverDiva

De ganze Summer iwwer sinn erëm eng Rëtsch SundayVibes Partyen um Schëff RiverDiva op der Musel geplangt!

Dëse Sonndeg ass um Schëff RiverDiva déi nächst SundayVibes-Party! Dës Kéier mam Motto:

HOLY SHIP PARTY - Ahoi with HeideMillion

Boarding ass dëse Sonndeg um 17h30 um Quai zu Réimech - um 18h30 leet d'Schëff dann of.

SundayVibes - Holy Ship:
  • Cool Beats vum Alex Heide a Maximillion
  • Beerpong & Kicker
  • Pool Area & Beach Corner
  • Cocktail Lounge
Kaaft iech elo ären Ticket fir 20€ am Virverkaf (mat 1 Fox Béier inclus) oder fir 25€ dëse Sonndeg um Quai zu Réimech!

Spillt mat a gewannt eng Koppel Tix fir d'SundayVibes!(D'Gewënner gi bis e Samschdeg kontaktéiert)

Loosst äre Sonndeg op der Musel auskléngen a sidd op der SundayVibes Holy Ship Party mat dobäi!


Links