What's UpPicadilly zu Stadbriedemes

De Weekend vum 10. - 12. August ass zu Stadbriedemes déi 63. Editioun vum Picadilly, dem Wäin- a Wënzerfest op der Musel!

© www.picadilly.lu

De Weekend vum 10. bis den 12. August ass zu Stadbriedemes erëm de Picadilly mat gratis Entrée!

Freides vu 18h00 u mat Afterwork mam "Andrea Galleti" an "Thierry Mersch" a vun 22h00 un déi grouss Picadilly Party mat der Coverband 'For Example'
Samschdes vu 18h00 u mat Zero Point Five a mat den DJs vun Hootenanny a mam Eldo Summer Roadtrip
Sonndes vun 11h00 u mam Family Day, vill Animatioun: Jazzapero mat "Konection Quintet", mam "Thierry Mersch", "Kelly Decker" an "Oke" an natierlech mam traditionelle Concert vun der Escher Musek!

Navette bréngen iech de Weekend aus dem ganze Land sécher op de Picadilly an nees heem!

Spillt mat a gewannt e Package mat enger Fläsch Picadilly an enger Grillade!(D'Gewënner gi bis e Freideg kontaktéiert)

Déi 3 Deeg iwwer mat fräiem Entrée, groussem Foodvillage, engem Wäigaart, gratis Parking a gudder Stëmmung!
© www.picadilly.lu

Links