What's UpCrémantsfescht zu Réimech

De Weekend vum 11. - 12. August ass déi 41. Editioun vum Crémantsfescht mat der Wiel vun der Miss Crémant zu Réimech um Gréin!

Sidd dobäi wa Sonndes den 12. August zu Réimech d'Miss Crémant de Luxembourg 2018 gewielt gëtt!

Lass geet et Samschdes Owes mat Live-Musek vum DJ Lungo, dee bis an de spéiden Owend fir beschte Stëmmung suergt.

Sonndes steet alles am Zeeche vun der Miss Crémant de Luxembourg 2018! Vu 18h00 u ginn d'Kandidatinnen a verschiddenen Duerchgäng virgestallt. No der Auszielung vun de Jury-Stëmmen géint 23h00, gëtt déi néi Miss Crémant 2018 dann annoncéiert a ka sech iwwert 1000€ freeën!

Umelle
kënne Fraen iwwert 17 Joer sech nach per Telefon ënnert den Nummeren +352 23 66 36 25 oder +352 621 302 668, per Mail op miss@urb.lu oder per Online-Formulaire op dësem Site!

Sidd och Mëttwochs, de 15. August um Bacchusfescht vun 11h00 u mat dobäi! Hei erwaart iech vun 12h00 un de Live-Orchester Jean Traina mat der beschter Danz-Musek bis an den Owend!

Spillt mat a gewannt en 20€ Consommatiounsbong!(D'Gewënner gi bis e Freideg kontaktéiert)

Fir gutt Stëmmung, Gegrills an e gudde Pättchen ass gesuergt!

Links