
"Les Diables Rouges" invitéieren e Sonndeg op dat lescht Rennen vun der lëtzebuergescher Stock-Car-Meeschterschaft an op d'Coupe de Luxembourg zu Helleng!
Fir Spannung a Spaass ass de ganze Mëtteg garantéiert:
Spektakulär Dueller, Rennmanöver an Iwwerschléi
1. Départ ass um 13h30!
Wie gewënnt den héchsten Titel am Stock-Car hei zu Lëtzebuerg?A wie gewënnt d'Coupe de Luxembourg? Dëse Sonndeg fält d'Entscheedung!
Verpasst och op kee Fall déi grouss MOTO CROSS SHOW!
D'Entrée ass 10€ a Kanner bis 12 Joer, esou wéi Persoune mat enger Behënnerung si fräi! Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt!
Profitéiert vum Parking, direkt nieft der Pist - Entrée vum Parking ass beim Rondpoint Helleng!
(D'Gewënner gi bis e Freideg kontaktéiert)
Loosst iech dësen Event net entgoen a kommt dëse Sonndeg de spektakuläersten Automobilsport ënnerstëtzen an ufeieren!
