What's UpBallermann Mash Up zu Mäerzeg

Loosst virun der Rentrée um Ballermann Mash Up zu Mäerzeg nach eng Kéier esou richteg d'Sau eraus!

De Club des Jeunes vu Mäerzeg invitéiert op hir 5. Editioun vum

Ballermann Mash Up @ Mäerzeg

Vun 21h30 un erwaard iech hei summerlech Malle-Stëmmung, 50L Fräibéier, vill Iwwerraschungen & déi bescht Beats vun den DJs:
  • DJ WÄLLEN
  • DJ DEYS
  • DJ FLEEX
  • DJ AL
A mam Special Guest IKKE HÜFTGOLD a senge Malle-Lidder "Dicke Titten Kartoffelsalat", "Huh" a ville méi!

Sécher dir elo däin Ticket fir 5€ am Virverkaf bei de Membere vum Club des Jeunes oder fir 8€ an der Oweskeess! Loosst den Auto stoen a profitéiert vun de Late Night Busser, déi iech gemittlech op d'Party an erëm heem féieren!

Et fiert kee Late Night Bus an är Géigend? Da profitéiert vun der Offer Nightrider a loosst iech vum Club des Jeunes Mäerzeg bis zu 50% vum Tarif Nightrider rembourséieren!

Spillt mat a gewannt 2 Tix!(D'Gewënner gi bis e Freideg kontaktéiert)


Dëse Freideg - Malle-Feeling-Pur op der 5. Editioun vum Ballermann Mash Up zu Mäerzeg am Centre Turelbach!


Links