#countdowntochristmasDen Eldo Wichtelkalenner!

De Countdown fir Chrëschtdag leeft & fir d'Waarden ze verkierze wichtelt Eldoradio all Dag mat iech!

Dat ganzt Eldo-Team wichtelt mat iech! Vun haut u bis Helleg Owend kënnt Dir all Dag mat maachen & ären Objet géint eise Wichtel-Objet vum Dag antauschen!

D'Dierercher mat eisem Wichtel-Objet vum Dag kënnt dir iech all Dag an eiser Instagram- & Facebook-Story ukucken.

Esou kënnt dir matmaachen:

  1. All Dag an eis Story kucke goe wat sech hannert eiser Wichtel-Dier verstoppt
  2. Wann dir interesséiert sidd e Message mat enger Foto & Beschreiwung vun ärem Objet via Facebook eraschécken!
  3. Mat Chance gitt dir vun eis kontaktéiert & dierft ären Objet géint den Objet vum Dag antausche kommen!

Wichtelt all Dag mat eis & tauscht ären Objet géint en aneren an!