Après-Ski20. Après-Schi Party @ Rëmeleng

Den 11. Januar ass zu Rëmeleng bei der Intermoselle Après-Schi ugesot!

D'Fussball s Härenequipe vu Rëmeleng invitéieren e Freideg op déi 20. a lescht Editioun vun hirer

Après Schi Party

Lass geet et um 20h00 bei der Intermoselle zu Rëmeleng am gehëtztem Zelt mat Garderobe. Fir Top-Stëmmung suergt de ganzen Owend iwwer den DJ AL!

Kaaft iech elo schonn ären Ticket (16+) fir 12€ am Virverkaf oder an der Oweskeess fir 15€!

Profitéiert och vun der gratis Navette, déi vum Cactus Käl vun 21h00 bis 4h00 op d'Party an erëm zréck fiert.

Spillt mat a gewannt eng Koppel Ticketen!(D'Gewënner gi bis e Freideg kontaktéiert)

Kommt laanscht a feiert dëse Freideg vun 20h00 u bei der Intermoselle zu Rëmeleng fir eng leschte Kéier op der grousser Après-Schi Party vun der Rëmelenger Fussball s Härenequipe!


Links