On Air90er Dag um Eldo

Dir hutt decidéiert: E Freideg ginn et de ganzen Dag just Lidder aus den 90er Joren um Eldo!

90er vs. 2000er Dag um Eldo - Eng Woch laang konnt dir fir äre Favorit ofstëmmen an decidéieren, wéi een Themendag mir maache sollen! D'Entscheedung ass gefall a soumat steet dëse Freideg de ganzen Dag bei eis am Zeeche vun den 90er Joren!

90er Dag um Eldo!

Vum Museksprogramm iwwer Reportage leeft e Freideg bei eis souwuel on Air, wéi och um Site, an der App an op eise sozialen Netzwierker alles ronderëm d'90er Joren!

D'Entscheedung war relativ eendeiteg - mat 75,8% zu 24,2% konnten d'90er Jore sech géint d'2000er duerchsetzen!

© Eldoradio