#openairfestivalLOA Festival @ Kierchbierg

12 national an international DJs suergen dëse Samschdeg um Kierchbierg fir déi beschten elektronesch Beats um LOA Festival.

Dëse Samschdeg start en neie Musek-Festival matten an der Stad a seng éischt Editioun!

Luxembourg Open Air Festival @ Kierchbierg

LOA - Een Open Air Festival op der Place de l’Europe mat gratis Entrée, op deem sech 12 Stonne laang alles ronderëm elektronesch Musek dréint - vun 11h00 bis 23h00!

Nieft lokalen DJs stinn och international DJs aus Holland, Italien oder Däitschland als Headliner op der Bühn

  • Mike Williams
  • Brooks
  • Marnik
  • Danko
  • Lovra
  • Himmelfahrt

De komplette Line Up mam Timetable fannt dir hei!

Nieft musikaleschen Highlights aus der Elektro-Zeen gëtt et ënnert anerem och nach

  • e Food Village
  • eng Chill-Out Area
  • verschidden Themen-Bars
  • Animatioun an e puer Iwwerraschungen
De ganzen Dag iwwer ass de Bus an den Tram an der Stad gratis - profitéiert heivunner a kommt mam ëffentlechen Transport op de Festival!

Gewannt e 40€ Consommatiounsbong!(D'Gewënner gi bis e Samschdeg kontaktéiert)

LOA Festival - en elektronesche Musek-Festival mat gratis Entrée, dëse Samschdeg vun 11h00 un um Kierchbierg!

Links