#eldoescapeWou waren d’Catherine an den Andy?

Dir waart Deel vum Radio, Deel vum Spill, Deel vun Eldoradio. De Max an den Daniel haten är Hëllef gebraucht, fir d'Catherine an den Andy ze fannen!

© eldo_security_cam_1

Haut war alles anescht. Dir konnt Deel vum Spill um Eldo sinn!

D'Catherine an den Andy hate sech de Moien aus dem Stëbs gemaach an de Max an den Daniel eleng am Studio hannerlooss.

Déi zwee haten haut just een Job, si hu missten erausfanne wou d'Catherine an den Andy sech hei am Land verstoppt hunn. No an no kruten déi zwee Aufgabe gestallt, déi si hu misste léisen, fir erauszefannen, wou d'Catherine an den Andy waren.

Nëmme mat ärer Hëllef, vum ganzen Eldoland, war dat méiglech. Dir waart hir Aen an Oueren a vläicht och heiansdo hiert Gehir. Zesummen hu dir dat gepackt!


                                                                    + + + LIVETICKER + + +

                     MERCI ELDOLAND - wat en Dag! Ouni iech wier dat net méiglech gewiescht.

15h24
De Max huet den Daniel ënnerwee opgeraf - si si béid elo zu Gaasperech am Millewee ukomm. Mam Léisungswuert ass hinnen d'Dier opgemaach ginn a si sinn endlech un hirem Zil. No 11 Stonnen - wat en Dag!



15h10
Zwee Eldo-Nolauschterer sinn och ënnerwee... AN D'CATHERINE AN DEN ANDY SINN DO!

© Eldoradio


Millewee zu Gaasperech?!


14h59
De Max mécht sech op de Wee an den ale Studio zu Gaasperech am Millewee! Millchen = Millewee? D'Koordinaten hunn op d'Stater Gare gefouert - de Millewee zu Gaasperech ass direkt niewendrun, King Kaffi = deemools den Andy... sidd gespaant ob dat do wierklech esou passt.

14h45
De Max telefonéiert grad mat Nolauschterer - et kommen och vill Tipps eran. Ma elo geet et drëms, alles zesummen ze setzen... E Fuuss, d'Spill Millchen, de King Kaffi, d'Koordinaten an an an...

14h39
De Max krut op senger Sich duerch d'Gebai speziell Bicker, déi Koordinaten duerch eng "Blacklight" op der Tafel am Studio opgedeckt hunn. Dës hunn op d'Stater Gare gefouert - hei sinn d'Catherine an den Andy awer net.

© Eldoradio


14h25
Mir si live op Instagram - de Max dierf de Studio verloossen. Kuckt eran!

14h05
D'Léisungswuert "King Kaffi" zesumme mat all den aneren Indicë léisst eis d'Eldoland op ganz vill Gedanke kommen. Den Andy, en Eldo-Nolauschterer, huet gemengt, en hätt d'Catherine an den Andy fonnt - um Knuedler. Dat war awer net richteg...

13h28
D'Léisungwuert ass dem Daniel a Max no "King Kaffi"! Wat seet de Showmaster dozou? "Domat hätt dir d’Kräizwuerträtsel geléist. Gratulatioun léif Eldo-Nolauschterer a natierlech och dir 2 an eiser Zentral. Fänkt mat ärem Léisungswuert u wat dir wëllt. Léif Nolauschterer, kontaktéiert eis Game-Zentral um 1344 oder via WhatsApp wann dir eng Iddi sollt hunn, wou d’Catherine an den Andy verstoppt kéinte sinn. De Max an den Daniel wierken nämlech net esou, wéi wa si scho ganz wäit wieren…"

13h08
Showmaster: "Dir braucht also en Joker. Dir 2 dierft elo eng Fro an d'Eldoradio-Storye posten, a kënnt hoffen, datt eis Nolauschterer méi wäit kënnen denke wéi dir. Sammelt hir Äntwerten, repost déi op Instagram a sicht iech déi richteg eraus."

Kuckt an eis Story, den Daniel an de Max sichen e bestëmmte Begrëff!

12h42 
De Max an den Daniel hu sech op d'Iesse gefreet an och vläicht op eng kleng Paus - nix da...

"Meng Marionetten, wei war är Pizza? Pardon datt se liicht kal war, dat geet op meng Kap. Ech hu jo nach eppes missen dra verstoppen. Äert nächst Spill ass e Kräizwuerträtsel. Probéiert dat elo emol esou gutt et geet ganz eleng ze léisen. Wa guer näischt geet, hutt dir 3 Jokeren, an da komm dir, léif Nolauschterer an d’Spill. Wann dir d’Rätsel richteg léist, kritt dir e Codewuert/Léisungswuert dat iech weiderhëllefe wäert."

12h35 
"Max, Daniel! Dir gesitt hongereg aus. An och dir sidd net vergiess ginn... Mat eidelem Mo iwwerleet et sech net esou gutt. Virun der Studiosdier gëtt äert Iesse grad kal. Gudden Appetit!"

© Eldoradio


12h03
Op d'Eldo-Nolauschterer kann ee sech verloossen!

© Eldoradio


11h28
D'Catherine huet d'Spill 3:2 gewonnen! "Gutt gemaach Catherine, ech wousst, datt den Andy keng Konkurrenz fir dech wier. Als Belounung dierfs du är geheim Plaz elo verloossen an iech 2 eppes z'iesse siche goen. Wouhin et geet, seet dir mäi Chauffeur gläich. Léif Nolauschterer, wann dir mäi wonnerbart Catherine iergendwou sollt gesinn, da maacht eng schéi Foto mat him a schéckt mengen 2 Marionetten déi. Dat freet si bestëmmt."

11h22
Mam Spill Millchen wëssen se nach ëmmer net, wat ufänken, ma de Showmaster huet sech awer nees gemellt: "Huhu, Andy a Catherine. Bei iech nach alles gutt? Hoffen dir sidd gutt opgehuewen op ärer geheimer Plaz. Iech kribbelt et bestëmmt och schonn an de Fangeren. Dowéinst hunn ech elo e Spill fir iech..."

Showmaster:


Lauschtert on Air oder am Livestream a kuckt eis Storyen!

10h55 De Pak war eng Këscht, an der Këscht war e Spill...

© Eldoradio


10h40 "Excellent meng Marionetten. Dir hutt äert 2. Spill, de Mix&Match, geléist. Dat hätt ech iech 2 net zougetraut. Dat bréngt iech eng Belounung an. An eiser Hauseegener Post läit e Pak fir iech. Deen dierf dir siche goen, wann dir wësst wou et ass."

10h29 Den Daniel an de Max ginn hiren zweeten Tipp of:

  • Lynn - Wier ech net um Radio gelant, wier ech elo Bibliothekär/-in.
  • Sarah - Bei Spannen hält de Spaass fir mech op.
  • Catherine - Ech war 4 Mol op engem Concert vun Tokio Hotel.
  • Andy - Well ech mer nach e Kaffi siche gaange sinn, hunn ech mäi Fluch fir Heem verpasst.
  • David - Mech gëtt et mëttlerweil just nach hallef.
  • Ben - Meng Virfare waren Akrobaten a si mam Charlie Chaplin opgetrueden.

Showmaster: "Oh meng Marionetten, och déi Léisung stëmmt esou net… Leschte Versuch fir iech. Strengt Iech e bëssen un!"

10h20 De Showmaster ass net zefridde mat den Äntwerten: "Et schéngt méi schwéier ze si wéi geduecht fir e puer Aussoe vun Aarbechtskollege mat der richteger Persoun ze verbannen. Är Léisung ass falsch! Iech bleiwen nach 2 Versich!"

10h14 De Max an den Daniel ginn eng éischte Kéier hiren Tipp of:

  • Lynn - Ech war 4 Mol op engem Concert vun Tokio Hotel.
  • Sarah - Wier ech net um Radio gelant, wier ech elo Bibliothekär/-in.
  • Catherine - Well ech mer nach e Kaffi siche gaange sinn, hunn ech mäi Fluch fir Heem verpasst.
  • Andy - Bei Spannen hält de Spaass fir mech op.
  • David - Mech gëtt et mëttlerweil just nach hallef.
  • Ben - Meng Virfare waren Akrobaten a si mam Charlie Chaplin opgetrueden.

09h34 "Huhu léif Nolauschterer an häerzlech Wëllkomm an eisem 2. Spill haut de Moien: de Mix&Match! Fir all d’Schlofmutzen ënnert iech: Ech sinn haut de grousse Showmaster um Eldo a spillen e Spill mat iech a mat mengem zwou Marionetten, dem Max an dem Daniel. Dir 2 kënnt gläich jo nach eng Kéier erkläre wat hei gespillt gëtt. A niewebäi soll dir eis Nolauschterer mat an eist 2. Spill abannen. Wei ass iech iwwerlooss. Soll dir der Meenung sinn, d’Spill geléist ze hunn, da sot Bescheed. Dir hutt 3 Versich. Lei dir duerno nach ëmmer falsch, da verléiert dir e wäertvolle Clou!"

Den Daniel an de Max krute Fotoe vun der Eldo-Crew a verschidde Statements/Aussoen. Si mussen elo erausfannen, wéi eng Ausso zu wéi engem Eldo-Member passt. Verbanne si dFotoe vun hiren Aarbechtskollegen an dStatements richteg mateneen, ass dSpill geléist a si kréien e weideren Indice, wou dCatherine an den Andy verstoppt sinn.

© Eldoradio


09h26 "Dir 4, et gëtt Zäit fir e Kaffi! De Max an den Daniel schweesse schonn esou schéin ellen am Studio...  Max, gënn dir eng Paus a géi dir an dem Daniel erof an d’Cafeteria e Kaffi sichen!

An der Cafeteria krut de Max e Pak. An dësem huet sech dat 2. Spill vum Dag, de Mix&Match, verstoppt.

08h53 "Léif Eldo-Nolauschterer, et gëtt nach eppes, dat ech iech nach net verroden hunn. D’Catherine an den Andy si verstoppt an et ass un iech mat Hëllef vu mengen 2 Marionetten si ze fannen. Esou vill misst dir scho wëssen. Ma et ass esou: Ech hu Spaass un dësem Spill an et wier dach schued, wann zoufälleg ee vun iech vill ze séier op déi richteg Léisung komme géif. Dowéinst hunn ech mech ofgeséchert.

Showmaster:




08h40 
"Schwaach dir 2, schwaach Eldoland… Dir sidd net op d’Léisung komm… Vläicht gëtt et bei dësem Spill och keng richteg Léisung, mä just e klengen Hiweis, wou hei am Land eis Verstoppte kéinte sinn…"

© Eldoradio

08h02 "Huhu, Catherine, Andy, ech wollt iech och eng Kéier Moie soen. Ech hunn alles am Grëff hei. XoXo äre Showmaster…

Ma och d'Eldoland huet en Aen op si an d'Eldo-Nolauschterer ënnerstëtzen den Daniel an de Max!

"Sinn d'Catherine an den Andy vläicht am Naturmusée?"

"De Renert ass lénks vun der Gemengeplaz (Knuedler) sollt d'Alice Merton vläicht dohi kommen?"

"Sëtze si do an enger Roulotte?"

"Mengs du net, datt d'Monument um Knuedler eppes ze soen huet?"

"Vläicht eppes mam Lycée Michel Rodange! Se schwätzen och vu Sand? => Tramschantier! Mee vläicht ass dat ze einfach!"

07h53 "Max, Daniel... An zefridde mat ärem 1. Spill... Schonn iergendeppes eran interpretéiert? Liest äre Bréif gläich nach eng Kéier vir a beschreift eisen Nolauschterer wat dir gesitt. Villäicht hutt dir, léif Eldo-Nolauschterer, jo eng Iddi. A meng Marionetten, wann dir guer net méi weider wësst da bidden ech meng Hëllef hunn. Ech sinn ären Joker. Mellt Iech, wann dir mech brauche sollt."

Si kruten e Bild vun engem Fuuss a folgend Zeilen: "Dausend Mol hunn ech dës Strooss gesinn, Dausend Mol hat ech keng Wuerzelen..."

© Eldoradio


07h24 "Max, Daniel: Liest dat heiten elo am nächsten Take haart vir:

Äert 1. Spill waart an dofir hues du Daniel vun elo un 30 Sekonnen Zäit. Op dengem Büro läit e Bréif. Dee muss du ELO DIREKT siche goen! Tik Tok..."

06h50 D'Catherine an den Andy hunn d'Sendung iwwerholl!

Showmaster:


"Dir alleguerten dobausse kënnt dem Max an dem Daniel hëllefen, d'Catherine an den Andy ze fannen. Dir sidd hir An an Oueren a vläicht och heiansdo hiert Gehir. All zesumme fannt dir et eraus. Max, Daniel: Wann dir Froen hutt oder Saachen erausfonnt hutt, kënnt dir Iech zu all Moment mellen. Dobäi dierf dir och richteg onhéiflech sinn: Dir dierft dem Catherine an dem Andy einfach an d'Wuert falen."

© Eldoradio


06h30 De Showmaster mellt sech zeréck.

Weidere Message vum Showmaster


"... Max, Daniel - gutt Detektive brauchen e bësse Material. Virun der Studiosdier steet eng Tafel. Baut déi am Studio op, wielt d’Kamera-Astellung 4 aus a suergt dofir, datt eis Nolauschterer zu all Moment via Livestream an EldoTv e Bléck drop hunn. A gleeft mir eppes, och ech hunn iech 2 permanent am A a waarde just op Feeler vun iech. Nach eng Saach: Dir kritt vu mir reegelméisseg WhatsApp-Sproochnoriichten. Déi hutt dir am nächst méiglechen Take ofzespillen, soss ginn d’Noriichten erëm geläscht. A gleeft mir, dat wëll dir net...

Et ass iech verbueden d’Noriichten am Virfeld schonn eng Kéier ze lauschteren, soss mécht et jo kee Spaass. E kuerzen Tipp meng Marionetten: Um kuerz no 7 leeë mir esou richteg lass… Bis dohi frot emol eis Nolauschtert, ob si eis Verstoppten de Moien net scho vläicht iergendwou hei am Land gesinn hunn. Vläicht hunn di 2 jo schonn e puer Spueren an de sozialen Netzwierker hannerlooss..."




06h15 Den Daniel an de Max kréien eng Sproochnoriicht.

Eng Sproochnoriicht via Email


Dir hutt d’Catherine an den Andy de Moie scho gesinn? Sot eis Bescheed, den Daniel an de Max waarden op all Hiweis:

  • Telefon 1344
  • WhatsApp 691947557
  • Via Facebook an Instagram (Eldoradio an ärer Story taggen oder eis eng privat Noriicht schécken, gären och mat Beweis-Fotoen)

05h10
 Den Daniel an de Max hunn de Studio iwwerholl a maachen elo zu 2 Sendung - wat bleift hinnen och anescht iwwreg.

05h05 D’Catherine an den Andy hunn de Studio verlooss, si hunn den Daniel an de Max zeréckgelooss an déi hunn absolut keng Anung, wat grad geschitt…

05h00 D’Catherine, den Andy, den Daniel an de Max maachen haut zesummen d’Morningshow! Oder?! #rentréeumeldo

© Eldoradio